AdobeStock/Diego Cervo
Vill Leit benotze preventiv en Deo ënnert den Äerm géint Schweessgeroch.
Mr. Science, et gëtt sou lues méi waarm, an do schweesst e jo och erëm méi. Hëllefen Deoen do tatsächlech?
Jo. Deoen hëllefen – allerdéngs net géint d’Schweesse selwer. Si wierke, wann de Schweess schonn do ass a verhënnere méi oder manner gutt, datt op der Haut en desagreabele Geroch entsteet.
Wéi entsteet Schweessgeroch eigentlech?
Frësche Schweess richt fir d’éischt kaum. Den typeschen Schweessgeroch veruersaache Bakterien op der Haut an der Achsel. Si baue bestëmmte Stoffer of, déi d’Schweessdrüsen an der Achsel produzéieren – virun allem fett- an eewäishalteg Substanzen. Dobäi entsti kleng, flüchteg Moleküllen, déi mir dann als Schweessgeroch wouerhuelen.
Firwat richt een da virun allem ënnert den Äerm?
Well do besonnesch gutt Konditioune fir déi Bakterien herrschen, déi fir de Geroch responsabel sinn: Et ass waarm, fiicht an natierlecherweis sinn do vill Hoer. Ausserdeem enthält de Schweess aus den Drüsen an der Achsel besonnesch vill Stoffer, aus deene spéider Schweessgeroch entstoe kann.
Wéi wierken Deoen da genee?
Vill Deoe kombinéiere verschidde Wirkungsmanéieren: Op där enger Säit blockéieren si de Wuesstem vu Bakterien. Op där anerer Säit iwwerdecken si Geréch mat Parfum. A verschidde Produite veränneren och nach de Milieu vun der Haut esou, datt sech déi Bakterien, déi Geréch bilde méi schlecht vermeeren a manner Gerochsstoffer bilden.
Wat ass den Ënnerscheed tëscht engem Deo an engem Anti-Transpirant?
Antitranspirante wierken anescht wéi Deoen. Si sollen d’Schweesse selwer reduzéieren. Dat funktionéiert op zwee Weeër: op där enger Säit zéien sech d’Hautporen zesummen, aus deenen de Schweess austrëtt. Op där anerer Säit bilt sech e gelartegen Aluminium-Protein-Komplex, deen d’Ausgäng vun de Schweesskanäl temporär blockéiert.
Laang gouf diskutéiert, ob Antitranspiranten mat Aluminiumsalzer e Gesondheetsrisiko duerstelle kéinten. No aktueller Aschätzung vum Bundesinstituts für Risikobewertung (BfR) an Däitschland gëtt awer däitlech manner Aluminium iwwert d’Haut opgeholl wéi ee laang ugeholl huet. De Bäitrag vun Antitranspiranten zur Total vum Aluminium, deen e Mënsch ophellt, ass dohier ganz kleng.
Och eng Zesummenhang mat Broschtkriibs, dee laang Zäit méiglech geschéngt huet, ass wëssenschaftlech bis elo net bewisen. De BfR schreift, datt d’Datelag zwar net an alle Punkten eenheetlech wier, mee datt Broschtkriibs duerch de Gebrauch vun Antitranspirante mat Aluminium nom haitegen Kenntnisstand awer onwarscheinlech wier.
Muss eigentlech jiddereen en Deo benotze, fir net desagreabel ze richen?
Nee. Net all Mënschen entwéckelen e gläich staarke Schweessgeroch. Ostasiate brauchen z. B. méi seelen en Deo wéi Europäer. Dat hänkt mat de Genen zesummen. Eng Variant vum sougenannten ABCC11-Gen steet en Lien mat däitlech manner Achselgeroch. Si kënnt an der Bevëlkerung vun Ostasie méi heefeg vir wéi an anere Regiounen. Dofir benotzen do vill Leit däitlech manner Deo – oder guer keen.
Wat bewierkt des Genvariant?
Leit mat dëser Variant produzéieren däitlech manner Achselsekret, deen desagreabel Geréch verursaacht
Eng Etüd dozou huet awer nach eng iwwerraschend Diskrepanz fonnt: ongeféier dräi Véirel vun de Participante mat der „gerochsneutraler“ Genvariant hunn trotzdeem all Dag Deo benotzt – obwuel se eigentlech kee bräichten. Dat deit drop hin, datt verschidde Leit Deo éischter opgrond vu sozialen Normen oder aus Gewunnecht benotze wéi datt si es tatsächlech bräichten.
Ass Schweessgeroch da schlussendlech just eng Fro vun de Genen?
Nee, sou einfach ass et net. Gene spillen zwar eng wichteg Roll. Awer nieft Alter an Hormoner hunn och Bakterien op der Haut an d’Conditiounen ënnert den Äerm en Afloss drop, wéi staark Geroch entsteet. Dëst Zesummespill probéiert d’Fuerschung besser ze verstoen. Et bleift also spannend an der Fuerschung!
Firwat Teenager op eemol no Schweess richen
Vill Kanner riche kaum ënnert den Äerm. Dat ännert sech dacks eréischt an der Pubertéit. De Grond: Da ginn déi sougenannt apokrin Drüsen ënnert den Äerm aktiv – speziell Schweessdrüsen, deenen hire Sekret zu Schweessgeroch féiere kann. Schweess aus dësen Drüsen enthält déi fett- an eewäisshalteg Substanzen, aus deene spéider Schweessgeroch entstoe kann.
Apokrin Schweessdrüse fënnt een nëmmen op bestëmmte Plazen um Kierper, haaptsächlech ënnert den Äerm, am Genitalberäich an ënnert de Féiss. Mir hunn och nach eng aner Zort Schweessdrüsen: déi sougenannt ekkrine Drüsen. Des si quasi um ganze Kierper verdeelt a produzéieren e salzhaltege Schweess, deen d’Haaptfunktioun vum Schweess erfëllt: d’Kierpertemperatur reguléieren.
Staarke Kierpergeroch bei Teenager ass also näischt Ongewéinleches. Et bedeit net automatesch, datt een „net propper“ ass. Mee dacks reflektéiert et einfach, datt sech de Kierper hormonell verännert. Wa Jugendlecher och hir Hygiène ëmstellen an Deoen oder Antitranspirante ufänken ze benotzen, ass meeschtens erëm alles an der Rei.
Duschen oder Deo: Wat hëlleft besser géint Schweessgeroch?
Bei deene meeschte Leit geet Duschen eleng net duer. Wäsche mat Seef ass e mechanesche Prozess, bei deem Schweess, Ueleg, a Bakterien op der Haut temporär wech geholl ginn. No e puer Stonne bild sech erëm neie Schweess a Bakterie breeden sech erëm aus.
Den Deo respektiv Antitranspirant ass e chemesche Prozess, dee Schweessgeroch iwwerdeckt oder e proaktiv verhënnert. Dat hält 12-48 Stonnen un, jee no kierperlecher Aktivitéit natierlech manner laang.
Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Redaktioun : Michèle Weber (FNR)
Infobox
Teerasumran P, Velliou E, Bai S, Cai Q. Deodorants and antiperspirants: New trends in their active agents and testing methods. Int J Cosmet Sci. 2023;45:426–443. https://doi.org/10.1111/ics.12852
Son HT, Choi HS, Cho SS, Park DH. Human Body Malodor and Deodorants: The Present and the Future. Int J Mol Sci. 2025 Oct 27;26(21):10415. doi: 10.3390/ijms262110415. PMID: 41226454; PMCID: PMC12609316. https://pmc.ncbi.nlm.nih.gov/articles/PMC12609316/#B18-ijms-26-10415
Harker M, Carvell A, Marti V et al. Functional characterisation of a SNP in the ABCC11 allele—Effects on axillary skin metabolism, odour generation and associated behaviours. Journal of Dermatological Science, 2013; 73, 23-30 https://www.jdsjournal.com/article/S0923-1811(13)00305-8/fulltext
Toyoda, Yu, Gomi, Tsuneaki, Nakagawa, Hiroshi, Nagakura, Makoto, Ishikawa, Toshihisa, Diagnosis of Human Axillary Osmidrosis by Genotyping of the Human ABCC11 Gene: Clinical Practice and Basic Scientific Evidence, BioMed Research International, 2016, 7670483, 9 pages, 2016. https://doi.org/10.1155/2016/7670483
Rodriguez S, Steer C, Farrow A. Dependence of Deodorant Usage on ABCC11 Genotype: Scope for Personalized Genetics in Personal Hygiene. Journal of Investigative Dermatology, 133, 1760-1767, 2013. DOI: 10.1038/jid.2012.480
Dean L. Roses, noses, and underarms: how one variation in our DNA influences underarm perspiration (and ear wax) 2013 Mar 25. In: Dean L, McEntyre J, editors. Coffee Break: Tutorials for NCBI Tools [Internet]. Bethesda (MD): National Center for Biotechnology Information (US); 1999-. Available from: https://www.ncbi.nlm.nih.gov/books/NBK127546/
https://worldostats.com/country-stats/deodorant-use-by-country/
https://de.statista.com/statistik/daten/studie/181235/umfrage/haeufigkeit-verwendung-von-deodorant/
Francesca Di Cicco, Richard L. Evans, A.Gordon James, Iain Weddell, Anita Chopra, Monique A.M. Smeets. Intrinsic and extrinsic factors affecting axillary odor variation. A comprehensive review. Physiology & Behavior Volume 270, 2023. https://doi.org/10.1016/j.physbeh.2023.114307.
Bundesinstitut für Risikobewertung (BfR). Fragen und Antworten zu Aluminium in Lebensmitteln und verbrauchernahen Produkten. FAQ des BfR vom 20. Juli 2020. https://www.bfr.bund.de/fragen-und-antworten/thema/fragen-und-antworten-zu-aluminium-in-lebensmitteln-und-verbrauchernahen-produkten/ (Aufgerufen am 23.4.2026)
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.