(c) Vladimir Gjorgiev/shutterstock

All Sportbegeeschterte weess vu wat ech schwätzen: Funktiounskleeder sténken méi séier no Schweess wéi ee kucke kann. Mee firwat eigentlech ?

Also als alleréischt muss ee wëssen datt et net de Schweess ass dee sténkt, mee d’Exkrementer vun de Bakterien déi am Schweess liewen. Bis elo sinn se einfach dovun aus gaang, dass op Funktiounskleeder aner Bakterie wuessen, déi de Schweess a méi sténkeg Offallprodukter zersetzen.

Dat klengt jo och mol plausibel.

Jo, mee wéi eng Bakterien dass dat sinn, a firwat déi grad op Funktiounskleeder wuessen an net op Kotteng oder Woll, dat huet laang keen interesséiert.

Bis elo!

Richteg! Den August 2014 ass eng Studie erauskomm, déi all déi Äntwerte liwwert. De schlaue Kapp hannert der Geschicht ass e Fuerscher vun der Uni vu Gent, deen an der Tëschenzäit och als „Dr Armpit“, also iwwersat „Dr Achselhöhle“ , bekannt ass.

A wat huet deen dann erausfonnt?

Hien huet ënnert eisen Äerm 2 Zorte Bakterie fonnt, déi de Schweess zersetzen an doduerch fir eisen normale Kierpergeroch responsabel sinn. Déi 2 Zorte Bakterie fënnt een och op natierlechen Textilen, wéi zum Beispill Kotteng oder Woll. Op Funktiounskleeder, also syntheteschen Textilen, fënnt een awer nach eng drëtt Zort Bakterien. An et ass déi, déi Offallprodukter produzéiert déi esou eekleg richen.

Mee firwat wuessen déi da just op syntheteschen Textilen?

Natierlech Fiberen kenne Schweess ophuelen andeems se e bëssen opquëllen. Doduerch ass néirens fräie Schweess, deen des Zort vu Bakterie awer brauch. Synthetesch Fiberen kenne keng Flëssegkeet ophuelen, dofir sammelt de Schweess sech dann tëschent de Fiberen un. An an esou engem Pull Schweess fillen des Bakterien awer puddelwuel a produzéieren dësen zousätzleche Gestank!

Mir kennen also näischt fir eis sténkeg Kleeder, et ass alles de Bakterien hier Schold!

Auteur: Corinne Kroemmer
Editeur: Frank Glod, Joseph Rodesch
Foto © Vladimir Gjorgiev/shutterstock

 

Infobox

Fuerschung zu Lëtzebuerg

Eng ganz bestëmmte Kombinatioun vu Bakterien ass also fir eise Schweessgeroch verantwortlech. Bakterie wuessen awer net nëmmen op eiser Haut, si wuessen och an eisem Kierper. Mee keng Angscht, dat ass net ëmmer e schlecht Zeechen! D’Fuerscher hunn an der Tëschenzäit festgestallt, dass déi richteg Kombinatioun vu Bakterien op an an eisem Kierper zu eiser Gesondheet ka bäidroen a Krankheete verhënneren.

Ee vun dëse Fuerscher ass de Paul Wilmes aus dem LCSB (Luxembourg Centre for Systems Biomedicine). An Zesummenaarbecht mat japanesche Fuerscher huet hien de positiven Impakt vu Bakterien op eisen Imunsystem ënnert d’Lupp geholl. Verschidden Bakterien kennen nämlech Entzündunge bremsen an esou Krankheeten wéi Kriibs an Zockerkrankheet verhënneren.

Aussi intéréssant

Olympesch Summerspiller zu Tokio Wéi vill Sport ass gutt fir eise Kierper?

Den 23. Juli fänken d'Olympesch Spiller a Japan un. Fir eng Medail ginn d'Athleten un hir Grenzen. Wat bedeit dat fir de...

FNR
Warscheinlechkeete fir e Gol Statistik Eelefmeterschéissen: besser uewen, ënnen, lénks oder an d'Mëtt?

Wéi grouss ass d'Warscheinlechkeet, datt de Ball erageet, je nodeems wéi een en Eelefmeter schéisst? Et gëtt och en Ënne...

FNR
Étude avec des coureurs L'amorti des chaussures comme facteur de risque possible pour les blessures en course à pied ?

Dans un projet de recherche commun, le LIH et le Decathlon SportsLab ont étudié la relation entre l'amortissement des ch...

LIH

Aussi dans cette rubrique

Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR
Mondhygiène Firwat kritt ee Mondgeroch?

Moies virum Zännwäschen oder no enger gudder Ënnenzopp kee Kuss. Mondgeroch, oder Halitosis, ka bei ville Leit virkommen, mee wéi kënnt et dann iwwerhaapt dozou, dass een aus dem Mond ka sténken?

FNR