shotshop.com

Dacks mengt een, et kéint ee Reen scho richen, éier en do ass. Mr Science, kann dat wierklech sinn, oder ass dat just Abildung?

Nee dat ass keng Abildung! Dee Ree selwer kann een zwar net richen, awer Substanzen, déi duerch de Reen fräi gesat ginn. Dat sinn zum Beispill Substanze wéi ätheresch Ueleger op de Blieder vu Planzen, déi vum Reen ofgewäsch ginn oder Zersetzungsprodukter vu Bakterien.

Wa Reendrëpsen op Blieder oder op de Buedem treffen, wierbelen si mini kleng Drëpsen an d‘Luucht, déi des Substanzen maträissen. Des mikroskopesch Drëpse bilden e sougenannten Aerosol, also ee feinen Niwwel, deen de Wand weider dréit. Sou kann et sinn, datt mir Reen richen deen op eis duer kënnt, well mir duerch dee Geroch virgewarnt ginn.

Wat sinn dat fir Zersetzungsprodukter vu Bakterien, déi mir riche wann et reent?

Eent ass besonnesch gutt erfuerscht, de Geosmin. Et gëtt vu Bakterien, Schimmelpilzer an anere Mikroorganisme produzéiert, wa si organescht Material wéi zum Beispill Planzereschter zersetzen. Geosmin richt no Buedem an e bësse muffeg, an dat ass ee Geroch op deen eis Nues extrem empfindlech reagéiert.

Also ech hunn de Geroch vu Ree gär!

Do bass du net deen eenzegen. Parfumsentwéckler probéieren ëmmer erëm, dee Geroch nozemaachen. Si huelen dofir als ee vun den Ingredienten de Jus vu roude Rommele, well do ass vill Geosmin dran. Dofir schmaachen déi och e bëssen no Buedem.

Bei anere Geleeënheeten ass dee Geroch net sou erwënscht: Fësch richen oft dono, virun allem Frellen a Kaarpen. Well Geosmin awer a Presenz vun enger Saier zerfält, mëscht een e gär mat e bëssen Zitrounejus oder Esseg. Sou kann een de Geroch vu Buedem reduzéieren.

Problematesche Geosmin-Geroch

Sou gär wéi mer e Fréijoersreen richen, dee staark no Geosmin richt, sou onerwënscht ass dëse Geroch vu muffegem Buedem a Liewensmëttel, Waasser, Wäin oder Jus, well de Consommateur da mengt déi wäre verduerwen. Dofir probéiere Fuerscher genau ze verstoen, wéi eng Mikroorganismen ënner wéi enge Konditioune Geosmin produzéieren a wéi een dat vermeide kann. D’Erfuerschung vum „Reegeroch“ huet also erstaunlech grouss wirtschaftlech Relevanz!

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Éditeur an Iwwersetzer: Michele Weber (FNR)

Infobox

Quellen
Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi dans cette rubrique

duschen
Grouss Botz Wéi dacks soll een duschen?

Duschen erfrëscht de Kierper an d’Séil. Mee wéi dacks ass gutt oder schlecht fir eis Haut?

FNR
Aus 215 Meter Héicht Eeër-Challenge vun enger RTL-Antenn zu Jonglënster

E réit Héngeree kann eng Chute aus 215 Meter Héicht iwwerliewen. Wéi dat geet, a firwat de Mr Science mam Olivier Catani NACH op den héige Sendemast eropgeklommen ass, gitt der am Video gewuer.

FNR
Screentime fir Kanner Wéi vill Zäit sollte Kanner virum Ecran verbréngen?

Smartphone, Spillkonsol, Telé, Computer - grouss oder kleng Ecranen si jo haut fest an eis Liewen integréiert. Mee wéi vill Screentime ass eigentlech gutt a wéini soll ech agräifen, Mr Science?

FNR