27ten Abrëll 4977 BC: Eisen Universum huet Gebuertsdag!

Ween hat dat geduecht : esou al ass eisen Universum jo guer net ! Dat wëllt  de Johannes Kepler eis op alle Fall wäiss man. Als Zäitgenossen a Bréifkolleg vum Galileo huet en seng Zäit mat Astronomie a Mathematik doutgeschloen. Mat Hëllef vun enger verbesserter Versioun vum Galileo sengem Teleskop huet en d’Beweegunge vun de Planéite beobacht a mathematesch seng dräi Kepler’s Gesetzer beschriwwen.

Seng Berechnungen dass eisen Universum 4977 Joer viru Christus entstan ass gëtt awer am 20te Jorhonnert vun der Big Bang Theorie widderluecht, an den Alter gëtt op 13,7 Milliarde Joer geschätzt. Obwuel de Kepler sech dann do wuel em e puer Nulle verrechent hat droe seng Aarbechte vill zu der wëssenschaftlecher Revolutioun bäi déi am 17te Jorhonnert d’Weltbild radikal verännert huet.

Eisen Universum soll also knapp 7000 Joer al sinn? Vun Dinosaurier hat hien da wahrscheinlech nach näischt héieren….

Nee, sécher net. Deemools huet och nach kee vun Evolutioun geschwat. D’Leit hun sech virgestallt dass eisen Universum vu Gott esou geschaf ginn ass wéi mir e kennen, mat Léift zum Detail, Perfektioun an Harmonie.

An dass e sech esou krass verrechent hat huet senger Carrière net geschuet?

Absolut net! Déi Berechnunge waren onofhängeg vu sengen aner Theorien, an déi hun sech jo bewährt. Den Newton huet sech kuerz duerno esouguer op déi dräi Kepler’s Gesetzer baséiert fir seng Gravitatiounstheorie opzestellen.

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR