shotshop.com

Fuerscher an Ingenieuren iwwerleeën sech scho ganz laang, wéi een d’Fäegkeet vum mënschleche Gehier nobaue kéint.

Et huet ee laang versicht, Computer intelligent ze maachen, andeem een hinne Reegelen aprogramméiert huet. Hei mol e ganz einfacht Beispill: Wann an enger Fro d’Wierder „Wou, „Vulkan“, an „héchsten“ virkommen, soll de Computerprogramm an enger Datebank no dem héchste Vulkan sichen. Sou entsti sougenannt Expertesystemer, déi beandrockend Leeschtunge vollbréngen. Awer jidderengem ass kloer, datt sou e Computerprogramm zwar ongleeflech vill Reegelen a Wësse späicheren an uwende kann, awer a kéngster Weis eppes wéi e Bewosstsinn huet. Den Duerchbroch bei den aktuelle KI-Systemer geet awer op en anere Programm zeréck: Dësen imitéiert d’Funktiounsweis vu mënschleche Gehierzellen. Allerdéngs staark vereinfacht, ongeféier sou wéi wa mer e Mënsch als Stréchmännche molen. Ganz vill vun dëse simuléierte Gehierzelle ginn da mam Computersystem matenee verbonnen a léieren z.B. Katzen- an Hondsbiller vuneneen ze ënnerscheeden. Dës Programmer nennt ee “neuronal Netzer”. A genee dës Wierder zesumme mam Begrëff “léieren” an datt een se als KI, also als kënschtlech Intelligenz bezeechent, féiert dozou datt een hinne séier och mënschlech Kapazitéite wéi z.B. d’Bewosstsinn zoutraut. Dovu sinn déi aktuell Systemer awer nach esou wäit ewech, wéi e Stafhéichsprénger vum Mound. Also fir et kloer ze soen: aktuell kënne KI’en eis net bewosst uleien. Mee si kënnen eis nawell ieren an doduerch eppes Falsches behaapten.

A wéi maachen se dat?

Wa KI-Programmer erfollegräich Stoppschëlder vu Pinguinen ënnerscheede kënnen, menge mir datt sie dat genee sou maache wéi mir. Dat ass awer net de Fall, an dat weist e beandrockend Beispill: Nodeems Fuerscher e puer faarweg Pechbiller op e Stoppschëld gepecht haten, hunn autonom fuerend Autoen dëst net méi erkannt an hunn gezweiwelt tëscht engem Virfaartsschëld oder souguer engem “Tempo 70”-Schëld. E Mënsch hätt d’Stoppschëld ëmmer nach richteg erkannt an him wieren d’Pechbiller warscheinlech mol net opgefall. Dëse Problem ass zwar momentan behuewe mee d’Beispill weist datt d’KI Systemer op eng iwwerraschend Aart a Weis donieft leie kënnen. Dës Problemer kënnen zoufälleg virkommen oder souguer gezielt provozéiert ginn.

Oh, dat kléngt no engem grousse Sécherheetsproblem bei KI Uwendungen?

Jo, soubal eng KI fir Entscheedunge benotzt gëtt, déi d’Sécherheet vu Systemer oder Mënsche betrëfft, mécht dës Schwaachstell vun neuronalen Netzer de KI Experte momentan nach vill Kappzerbrieches. A ville Fäll wëssen se mol net genee, wéi e neuronalt Netz op seng Resultater kënnt. Sie schaffen drun dat besser ze verstoen. Dofir bleift d’Fuerschung ëmmer spannend.

Infobox

D’Geschicht vun der KI

Fuerscher an Ingenieuren iwwerleeën sech scho ganz laang, wéi een d’Fäegkeet vum mënschleche Gehier nobaue kéint. Um Enn vum 19. Joerhonnert sinn no laange Virbereedunge mechanesch Rechemaschinn hiergestallt ginn. 1915 beandrockt de spueneschen Ingenieur Torres y Quevedo mam éischte Schachautomat, dee mat engem Kinnek an engem Tuerm de géigneresche Kinnek schachmatt setze kann a wärend dem 2. Weltkrich ginn déi éischt Computere gebaut. An den 1950er an 1960er Jore schreiwe Programméierer den éischte Schachprogramm. Mam Conversatiounsprogramm ELIZA kann een sech säit 1965 ënnerhalen – dréit sech dobäi awer séier am Krees, wärend am selwechte Joerzéngt d’Grondlage fir déi haiteg neuronal Netzer geluecht ginn. An den 1990er Jore fueren an Europa testweis éischt autonom Autoen op Autobunnen, ëmmerhi vu Münche bis op Paräis oder Kopenhagen an am normale Stroosseverkéier. 1997 schléit ee Schachcomputer den deemolege Schach-Weltmeeschter Kasparov an ab 2010 geet d’KI esou richteg lass: 2011 schléit ee Computer d’Top-Kandidaten an enger grousser amerikanescher Quizshow, kuerz duerno gëtt d’Sproochenerkennung an normale Computer an Handyen de Standard. Säit 2014 kënne Computer Gesiichter sou gutt wéi Mënschen erkennen, ee Joer méi spéit gëtt de weltwäit stäerkste Go-Spiller vun enger KI geschloen a säit e puer Jore versichen sech KI-Programmer als Kënschtler a Musek-Komponisten.

Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzer: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Quellen:

Aussi intéréssant

Nouveautés en science L’essentiel de l’actualité de la recherche au Luxembourg- août 2021

Qui est derrière la crise du logement au Luxembourg ? Découvrez cela dans notre tour d’actualités des résultats de la re...

D'intelligence artificielle CoLive Voice : Reconnaître les maladies graves par la voix

Dans le cadre d'une étude de santé numérique unique en son genre, le LIH souhaite identifier des biomarqueurs vocaux pou...

LIH
Écologie Newtrap : une nouvelle méthode de suivi automatisée des tritons

Des chercheurs du LIST ont développé un piège-photo permettant un suivi non-intrusif des tritons, espèces clefs de la bi...

FNR

Aussi dans cette rubrique

Pisa Summerchallenge Wéi geet et der Uelzecht?

Wou entspréngt se, firwat ass se sou sténkeg, a wat gëtt gemaach fir den Zoustand ze verbesseren?

FNR
Téin géint de Stress! Léisst sech e Stau mat Musek besser erdroen?

Ob um Wee op d'Aarbecht oder an d'Vakanz: D'Waarden an engem Stau ziert un den Nerven. Hëlleft Musek géint de Stress? A wa jo, wéi eng?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR