Wikimedia (Deramanus)

D’Méck huet 2 Méiglechkeeten, mee riskéiert an deenen 2 Fäll Verletzungen

Mir hunn déi hei Fro erakritt: „En Auto fiert mat 50 km/h an d’Säitefënster ass op. Niewendru flitt eng Méck och mat 50 km/h (theoretesch). Wat geschitt, wann déi Méck elo an den Auto eraflitt? Knallt se da vu banne widdert déi viischt Fënster well se net méi duerch de Géigewand gebremst gëtt? Ech ginn och gären zou, dass déi Fro vläit e bësse komesch ass. Merci am viraus, Tom, 12 Joer“. Also Mr Science?

Dat ass eng ganz gutt Fro, an den Tom ass och schonn op der richteger Spuer! Wat genee mat der Méck geschitt, hänkt vun hire Fléikënschten of. Si huet 2 Méiglechkeeten, mee an deenen 2 Fäll riskéiert se leider fir an der Klinik ze landen!

Eng Méck an der Klinik! Lo sinn ech awer gespaant!

Ier d’Méck an den Auto flitt, huet se jo eng Vitesse vu 50 km/h par rapport zu der Loft, wa mer unhuelen datt kee Wand bléist. Si muss sech also béis ustrenge fir géint dee Loftwidderstand unzekämpfen an hier Vitesse net ze verléieren.

A wann se dann an den Auto eraflitt...

Den Auto fiert jo och mat 50 km/h, d’Loft am Auto beweegt sech also och mat 50 km/h par rapport zu der Loft dobaussen. Wann d’Méck selwer scho mat 50 km/h ënnerwee ass, an se geréit dann an e Loftstroum, deen och 50 km/h huet, ma da flitt se mat 100 km/h vir an d‘Fënster! Genee esou wéi den Tom virausgesot hat!

A wann se eng Vollbremsung mécht soubal se raflitt?

Do kommen der Méck hier Fléikënschten an d’Spill. Wann se dat géif fäerdeg bréngen, da géif se mol net vir an d’Fënster knuppen. Mee se géif awer mat der Suckel eroffalen, well si jo da keng Vitesse méi huet par rapport zu der Loft rondrëm! Ouni Vitesse huet se och keen Opdriff méi, tjo, an da muss se eng Bruchlandung man!

Arem Méck. Hier Chance stinn also net gutt!

Auteur: Corinne Kroemmer
Mat engem grousse Merci un den André Mousset an den Tom!

Foto: © Deramanus

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Loftstroum am Auto??

Dat klengt natierlech komesch, well mir dee Stroum jo guer net spiere wa mer Auto fueren. Dat heescht awer net dass en net do ass! Mir beweegen eis mat der selwechter Vitesse wéi den Auto a wéi d’Loft bannendran. Mir beweegen eis also net par rapport zur Loft, dofir spiere mir och kee Loftstroum. Wann een d’Hand awer zur Fënster raushält, da spiert een dass d’Loft dobaussen eng aner Vitesse huet wéi déi, déi bannen am Auto ass.

Wéi d’Loft sech bannen am Auto behëlt, ass vläit schwéier fir sech virzestellen, well een d’Loft jo net gesäit an de Loftstroum net spiert. Et kann een dat Ganzt awer beobachten andeems een en opgebloosene Ballon mat enger 10-15 cm laanger Schnouer bannen un den Daach vum Auto hänkt. D’Loft, also och déi bannen am Ballon, ass deene selwechte Kräften ausgesat ewéi mir. Wann den Auto ufiert, gi mir liicht an de Sëtz gedréckt an de Ballon flitt esou wäit no hanne wéi d’Schnouer et erlaabt. Wann den Auto bremst, gi mir no fir katapultéiert an de Ballon flitt no fir, och nees esou wäit wéi d’Schnouer et erlaabt! Soulaang mer awer mat der selwechter Vitesse fueren a keng Beschleunegung am Spill ass, hänkt de Ballon einfach riicht erof, grad esou wéi wann den Auto geparkt wier! Dat ass esou, well alles am Auto sech mat der selwechter Vitesse beweegt.

Helium mécht alles ëmgedréint!

Wann der d’Experiment mam Ballon am Auto probéiert fir indirekt d’Loftbeweegungen ze beobachten, da passt op dass en och mat Loft gefëllt ass. Wann en nämlech mat Helium gefëllt ass, da wäert der grouss An maachen.

Dee mécht nämlech alles ëmgedréint! Wann den Auto ufiert a mir ginn an de Sëtz gedréckt .... da flitt den Helium-Ballon no vir! A wann den Auto bremst a mir ginn no vir katapultéiert, da geet den Helium-Ballon no hannen. Wa mer duerch eng Lénkskéier fueren a mir fléien no riets ... da flitt den Helium-Ballon no lénks.

An zwar net well den Helium d’Saach mat der Beschleunegung net verstan hätt, ganz am Géigendeel! 1 Liter Helium huet méi eng kleng Mass wéi 1 Liter Loft! D’Mass vun engem Kierper gëtt seng Trägheet un, dat heescht, wéi staark en sech iergendswelleche Beweegungsverännerungen widdersetzt. Wann den Auto ufiert, widdersetzt sech alles dëser Beschleunegung, an zwar ëmsou méi staark, wat seng Mass méi grouss ass. Ier den Auto urappt, waren d’Loft an den Helium-Ballon roueg. Beschleunegt den Auto no vir, hu si Allenzwee d’Tendenz, roueg ze bleiwen, d’Loft awer méi staark wéi den Helium-Ballon. Duerfir sammelt sech d’Loft, an net den Helium, hannen am Auto. Dat bedeit awer dass de Loftdrock hannen am Auto méi grouss gëtt wéi vir am Auto. Den Helium-Ballon gëtt doduerch no vir gedréckt.

Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus:

Wéi e Loftstroum entsteet, wéi e sech a verschiddene Situatioune behëlt a wat e beaflosst, betrëfft net nëmmen d’Méck am Auto! Dee selwechte Phenomen , mee mat aner Gasen oder Flëssegkeeten, fënnt een a ville Beräicher erëm, wéi zum Beispill an der Aerodynamik (wéi kontrolléieren a profitéieren ech am beschte vun deem Stroum fir Energie ze spueren), an der Meteorologie (wéi entsti Stierm a wéi verbreeden se sech), an der Botanik (wéi kréien ech esou einfach ewéi méiglech Flëssegkeet vun de Wuerzelen an d’Blieder), an der Medezin (wéi entsti verschidden Häerz- a Kreeslaafproblemer) an nach vill méi!

D’Monash University zu Melbourne, Australien, huet dee gréisste Wandtunnel am Süden! Do kënne se net nëmmen d’Aerodynamik vun Autoen, Zich, Fligeren a Camionen testen a verbesseren, mee och den Design vun héije Gebaier a Brécke verbesseren a méi wandresistent maachen. Mee si huelen och Saache wéi de Loftstroum an de Longen oder de Bluttstroum an den Oderen ënnert d’Lupp, fir verschidde Krankheete besser ze verstoen a besser kennen ze behandelen!

Fuerschung zu Lëtzebuerg:

De Bernard Peter vun der Uni Lëtzebuerg hëlt am Institut XDEM e ganz bestëmmten Aspekt vum Behuele vu Flëssegkeeten ënnert d’Lupp. An zwar beschäftegt hie sech mat der Onstabilitéit vu Flëssegkeeten, dat heescht hie setzt sech mat der Fro auserneen, firwat eng Flëssegkeet op eemol auserneebrecht an eenzel Drëpse bild. Dee Phenomen kann een einfach bei engem Krunn beobachten deen ee lues a lues zoudréit. D’Waasser leeft an engem ëmmer méi schmuele Fuedem erof, bis de Fuedem op eemol futti fiert an eenzel Drëpse rof falen. Genee dee Phenomen ass wichteg fir méi efficace Asprëtzpompele fir an d’Motoren ze entwéckelen.

Aussi intéréssant

Duerchzoch Wéi vill frësch Loft ass richteg?

Fuerscher erfuersche ganz am Eescht den Duerchzoch a Gebaier. Firwat ass dat sënnvoll an am Ament souguer e besonnesch w...

FNR
Pneumatique L’air peut-il soulever des objets lourds ?

Souffle dans un sac en plastique pour soulever un gros livre qui est posé dessus !

FNR

Aussi dans cette rubrique

Emotional Tréinen Firwat kräische mer vu Freed oder Trauregkeet?

Bei staarken Emotioune schéissen eis dacks Tréinen an d’Aen. Mee wéi een Zweck huet dat?

FNR
Schlofmangel Firwat kréie verschidde Leit donkel Reefer ënnert d’Aen?

D’Nuecht war kuerz, an da leien d’Ae Moies an donkelen Hielen. Wou kommen dës Aereefer hier? A wat kann een dogéint maachen?

FNR
Mondhygiène Firwat kritt ee Mondgeroch?

Moies virum Zännwäschen oder no enger gudder Ënnenzopp kee Kuss. Mondgeroch, oder Halitosis, ka bei ville Leit virkommen, mee wéi kënnt et dann iwwerhaapt dozou, dass een aus dem Mond ka sténken?

FNR