19ten August 2005: d'Pharmaindustrie gëtt zu enormem Schuedenersaz verdonnert.

D’Firma Merck&Co muss enger Witfra iwwer 250 Millioune Schuedenersaz bezuelen. Hire Mann war un engem Häerzinfarkt gestuerwen, enger Niewewierkung vum Medikament Vioxx. Am Ganzen hunn iwwer 160 000 Leit duerch dat Medikament en Häerzinfarkt oder Hireschlag kritt, 55 000 dovu si gestuerwen.

Vioxx ass bei wäitem net dat eenzegt Medikament wat duerch esou Problemer muss vum Maart gezu ginn. Fir esou Problemer ze vermeiden, schaffen d’Fuerscher un der Entwécklung vu mathematesche Modeller. Domat kanns de an der Theorie genee kucke wat d’Medikament an dengem Kierper mécht, wou et higeet a wou et reagéiert.

Mee just an der Theorie….

Dofir schaffe se jo nach drun! Mee verschidde Modeller kommen der Realitéit scho ganz no a ginn och scho benotzt.

Ass dat dann déi berühmte personaliséiert Medezin?

Et geet an déi Richtung. D’Iddi ass natierlech dass deng Modeller iergendwann esou präzis sinn dass de engem Patient säi Krankebild kanns aginn. De Modell weist der da wéi’s de Medikament solls benotze fir d’Wierkung ze maximiséieren an d’Niewewierkungen ze minimiséieren.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Aussi dans cette rubrique

Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR
Himmelspektakel Partiell Sonnefinsternis vum 12. August 2026 zu Lëtzebuerg

E Mëttwoch, den 12. August 2026 ass eng partiell Sonnendäischtert zu Lëtzebuerg ze gesinn. Wat stécht dann iwwerhaapt dohannert?

FNR
Mobil Kommunikatioun Firwat muss een am Fliger de Flugmodus um Handy umaachen?

D'Handyen am Fliger kënnen d'Bordelektronik an d'Funkreseaue beaflossen. Wat dohannerstécht a firwat modern Maschinnen haut méi robust géint esou Handysignaler sinn.

FNR