Adobe Stock
D'waarm Sonn këddelt op der Haut, kleng Sandkäre masséieren d'Fousssuelen an d'Dausche vun de Welle wierkt berouegend – Vakanz um Mier ass einfach e Fest fir all d'Sënner. Wann ech dat dach nëmme festhale kéint. Mä Moment emol! Et heescht dach, d'Dausche vum Mier wier an de Muschele gefaangen. Stëmmt dat wierklech, Mister Science?
D'Iddi héiert sech zwar romantesch un, stëmmt natierlech awer net. Well éischtens sinn et manner d'Schuele vu Muschelen, mä meeschtens d'Haisercher vu Mieresschleeken, bei deenen een dat typescht Dauschen am Ouer héiert. An zweetens ass et net d'konservéiert Melodie vum Mier, déi mir do héieren, mä d'Schleekenhaus geheit einfach d'Geräischkuliss, déi ronderëm eis ass, zréck. De Beweis: A speziell isoléierte Laboen, déi vum Kaméidi vun der Aussewelt ofgeschiermt sinn, ass d'Schleekenhaus quasi stomm.
Ah sou! Et stëmmt deemno net, dass d'Schleekenhaus d'Geräischer vum Blutt, dat duerch de Kapp fléisst, verstäerkt?
Nee, an dat léisst sech och ganz liicht widderleeën. Wann een e Mikro niewent d'Schleekenhaus stellt, dann hëlt deen och d'Dauschen op.
Mä wéi ginn dann d'Geräischer vu ronderëm am Schleekenhaus an en Dausche verwandelen?
Dat Bannescht vum Schleekenhaus ass en Huelraum, dee mat Loft gefëllt ass. Duerch all méiglech Geräischer ronderëm vibréiert d'Loft. Dës Vibratioune breede sech als Schallwellen aus. D'Gehaiser hirersäits si Resonanzkierper – änlech wéi zum Beispill eng Gittar. Dat heescht: Jee no Form a Gréisst vum Gehais gi verschidde Schallwellen am Schleekenhaus verstäerkt an anerer ofgeschwächt. Et entsteet dat typescht Dauschen, dat mir héieren, wa mir esou eng Muschel un eist Ouer halen. Iwweregens: Dëse Phenomeen léisst sech och mat enger eideler blechen Dous oder esouguer mat der hueler Hand feststellen. Also, probéiert et direkt mol aus!
Infobox
Gëtt op e Medium wéi Loft, Waasser oder och e feste Kierper a periodeschen Intervallen eng Kraaft ausgeüübt, vibréiert de banneschten Deel. D'Moleküller réckelen dobäi fir eng kuerz Zäit méi no beieneen, d'Dicht ännert sech op dëser Plaz fir e ganz kuerze Moment, den Drock geet an d'Luucht. Dës „Stupser“ reproduzéiere sech als Dichtwell respektiv Drockwell duerch de ganze Medium. Sinn d'Vibratioune periodesch a kleng am Verglach zum normalen Drock ronderëm, dann nennt een dat an der Wëssenschaft „Schallwellen“ oder „Schall“. Sinn d'Vibratiounen allerdéngs grouss, abrupt a relativ séier, da schwätzt ee vu „Stousswellen“ – wéi bei enger Explosioun zum Beispill.
D'Schallwellen – am deegleche Liewen also virun allem d'Vibratiounen an der Loft – drénge bis an eist Ouer a loossen d'Trommelfell vibréieren. Hoerzelle wandelen dës mechanesch Reizer an elektresch Signaler ëm. Den Héiernerv leet se un d'Gehier weider an dat mécht doraus e Geräischbild vun der Welt ronderëm eis.
D'Ouere vun de meeschte Mamendéiere funktionéieren esou wéi eis. Och munch Insekten – Päiperleken, Wanzen oder Grillen zum Beispill – hunn de Prinzip vum Trommelfell entwéckelt. Allerdéngs sinn deenen hir Oueren net um Kapp, mä um Knéi, op der Broscht oder um hënneschte Kierperdeel. Fësch hirersäits hu keen Trommelfell. Si héiere mam ganze Kierper. Duerch d'Schallwellen am Waasser vibréieren hir Sprenzen. Dës Vibratioune ginn dann an d'bannescht Ouer weidergeleet an do an elektresch Signaler ëmgewandelt. An da ginn et Déieren – nees Insekte wéi Raupen oder Mustiken –, déi héieren d'Welt mat den Hoer un hirem Kierper. Bei ville sinn d'Hoer esou gebaut, dass si déi typesch Geräischer vu Friessfeinden oder paarungsbereeten Aartgenosse besonnesch verstäerken.
Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Editeur: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzerin: Danièle Di Cato (why vanilla?)
Infobox
https://www.einfacher-hoeren.de/de/wie-funktioniert-unser-gehoer__35/
Neil A. Campbell: Biology. Aacht englesch Editioun
All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.