
shotshop.com
Frou Musek ass ëmmer zimmlech séier, wärend traureg Musek méi lues ass a méi déif Téin benotzt.
Umierkung vun der Redaktioun: Dësen Artikel vum 24.06.2020 gouf de 26.06.2025 aktualiséiert: Et koumen Informatiounen derbäi, wéi eng Beräicher Musek am Gehier aktivéiert. An d'Ausso iwwert den Oxytocin-Spigel gouf relativéiert, op Basis vun neier wëssenschaftlecher Evidenz. Ausserdeem koum den Abschnitt "A ka Musek mech glécklech maachen?" dobäi.
Mr. Science, wann ech emol schlecht drop si, ka mech traureg Musek wierklech tréischten. A beim Raume lauschteren ech gäre séier Beats, da mécht déi Aarbecht méi Spaass. Wisou ka Musek mech sou beaflossen?
Effektiv, Musek beréiert eis déif – heiansdo souguer bis an de ganze Kierper eran. Dat läit dodrun, datt Musek am Gehier direkt e puer Beräicher gläichzäiteg aktivéiert: zum Beispill den auditive Kortex, deen Téin verschafft, awer och de lymbesche System, dee fir Emotiounen zoustänneg ass. A souguer motoresch Zenteren, déi eis Beweegunge steieren. Des Aktivéierung huet Auswierkungen, déi ee moosse kann: Musek kann eise Bols méi séier oder méi lues maachen, de Bluttdrock veränneren, an d’Ootmung beaflossen – a bestëmmten Hormoner fräisetzen.
Wat geschitt da genee am Kierper?
E séiere Beat mécht eis monter, setzt Dopamin fräi a bréngt eis a Beweegung. Lues an déif Kläng berouegen eis dogéint, reduzéiere Stresshormoner wéi Cortisol an entspanen eis. Dofir notze Musektherapeute Musek och geziilt, fir Ängschten ze reduzéieren oder eng depressiv Stëmmung ze verbesseren.
Huet Musek dann en Zweck, also biologesch gesinn?
Warscheinlech jo. Musek gëtt et scho ganz laang, warscheinlech huet se sech parallel zur Sprooch entwéckelt. Schonn an der Steenzäit hunn d'Mënschen zesumme gesonge, gedanzt an Instrumenter gespillt – Flütt zum Beispill. Musek war dobäi net just Entertainment, mee e Gemeinschaftserliefnis. Ween zesumme Musek mécht, fillt sech een deem anere méi no an erlieft méi positiv Emotiounen.
Wann een zesumme séngt, bleift z. B. de Spigel vum „Bindungshormon“ Oxytocin méi stabil wéi bei anere sozialen Aktivitéite wéi Spillen oder Schwätzen. Gläichzäiteg geet d’Stresshormon Cortisol erof, an et fillt een sech méi wuel. Dat alles schwätzt dofir, dat Musek eppes wéi e soziale Pech ass, deen d'Gruppen zesummenhält. Mat enger miessbarer Wierkung op Kierper a Geescht. An heivunner profitéiere besonnesch Kanner: Wa si zesumme Musek maachen, kann dat hir sozial Fäegkeeten an emotional Ausdrockskraaft fërderen.
Kënne mir Musek aus anere Kulturen dann iwwerhaapt verstoen?
Natierlech spillen Erfarungen an Erënnerungen eng grouss Roll beim Museksgoût. Awer et gëtt iwwerraschend grouss Gemeinsamkeeten tëschent deenen ënnerschiddleche Kulturen. Frou Musek ass ëmmer zimmlech séier, wärend traureg Musek méi lues ass a méi déif Téin benotzt. Also jo, mat e bësse Fangerspëtzegefill kënne mer d'Musek vun anere Kulture verstoen.
A ka Musek mer konkret hëllefen, d'Liewe méi ze genéissen?
An engem gewëssene Mooss – jo. Studie weisen, datt bestëmmte musikalesch Muster universell änlech interpretéiert ginn: Frou Musek ass ëmmer zimmlech séier, wärend traureg Musek méi lues a méi déif Téin benotzt. Awer et gi kulturell Ënnerscheeder. Wat an denger Kultur als berouegend gëllt, kann an enger anerer ganz anescht opgeholl ginn. Eis Erfarungen a Gewunnechte spillen och eng grouss Roll.
A ka Musek mech glécklech maachen?
Absolut! Musek stimuléiert de Belounungszentrum am Gehier, wéi och d'Consommatioun vu Schockela, Sport oder Emäerblungen. Si kann eis motivéieren, Trouscht spenden oder einfach Freed maachen. Kee Wonner also, datt vill Mënsche mat Musek besser léieren, méi effikass schaffen – oder sech einfach méi wuel spieren.
Nei Studie weise souguer, datt och Musek déi vu KI generéiert gouf ka geziilt emotional Reaktiounen ervirruffen – virun allem, wann se mat konkrete Stëmmungsvirgabe wéi „roueg a melancholesch“ oder „energesch a frou“ generéiert gouf. D’Wierkung op eis Gefiller kann ee moossen – an domadder ginn nei Dieren op, zum Beispill an der Therapie, am Bildungsberäich oder bei virtuellen Erliefnisser. Et bleift also spannend an der Fuerschung!
Text: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun & Iwwersetzung: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)
Infobox
D.L. Bowling, J. Gahr, P. Graf Ancochea, M. Hoeschele, V. Canoine, L. Fusani, W.T. Fitch,
Endogenous oxytocin, cortisol, and testosterone in response to group singing, Hormones and Behavior, Volume 139 (2022) https://doi.org/10.1016/j.yhbeh.2021.105105.
Gao, X., Chen, D., Gou, Z., Ma, L., Liu, R., Zhao, D., Ham, J. (2024). AI-Driven Music Generation and Emotion Conversion. In: Shuichi Fukuda (eds) Affective and Pleasurable Design. AHFE (2024) International Conference. AHFE Open Access, vol 123. AHFE International, USA.http://doi.org/10.54941/ahfe1004679
MaxPlanckForschung 3/15, Seite 27-31.
MDR Wissen (2019): https://www.mdr.de/wissen/mensch-alltag/fit-mit-musik-leipziger-wissenschaftler-entwickeln-jymmin-projekt-weiter-100.html
https://www.mdr.de/einfach-genial/einfach-genial-erfindungen-242.html
Heiner Gembris (2015). Transfer-Effekte und Wirkungen musikalischer Aktivitäten auf ausgewählte Bereiche der Persönlichkeitsentwicklung. Ein Überblick über den aktuellen Stand der Forschung. Gütersloh: Bertelsmann Stiftung (https://www.bertelsmann-stiftung.de/index.php?id=5308
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.