Musik und Psyche

shotshop.com

Frou Musek ass ëmmer zimmlech séier, wärend traureg Musek méi lues ass a méi déif Téin benotzt.

Mr. Science, wann ech emol schlecht drop si, ka mech traureg Musek wierklech tréischten. A beim Raume lauschteren ech gäre séier Beats, da mécht déi Aarbecht méi Spaass. Wisou ka Musek mech sou beaflossen?

Musek wierkt iwwert d'Gehier op eise ganze Kierper. De Rhythmus beaflosst den Häerzschlag, d'Ootmung an de Bluttdrock - a souguer d'Produktioun vun Hormoner. Dat kann ee mat entspriechende Geräter moossen. E schnelle Beat mécht eis monter, mir beweegen eis dann am Rhythmus. Dat ka souguer bis zu enger Aart Trance oder Ekstas goen. Lues Musek berouegt eis dogéint, an hëlt de Stress ewech. Dat ass immens heelsam.

Huet Musek dann en Zweck, also biologesch gesinn?

Musek gëtt et scho ganz laang, warscheinlech huet se sech parallel zur Sprooch entwéckelt. Schonn an der Steenzäit hunn d'Mënsche Musek gemaach, Flütt gespillt zum Beispill. D'Leit sangen a klappen zesummen an d'Hänn, musizéieren an danzen zesummen. Musek ass dobäi wéi e soziale Pech, deen d'Gruppen zesummenhält. An dat geschitt och um psychologeschen Niveau: Beim Musizéiere gëtt d'"Liebeshormon" Oxytocin fräigesat, a mir spieren eis deenen Anere méi no.

Kënne mir Musek aus anere Kulturen dann iwwerhaapt verstoen?

Natierlech spillen Erfarungen an Erënnerungen eng grouss Roll beim Museksgoût. Awer et gëtt iwwerraschend grouss Gemeinsamkeeten tëschent deenen ënnerschiddleche Kulturen. Frou Musek ass ëmmer zimmlech séier, wärend traureg Musek méi lues ass a méi déif Téin benotzt. Also jo, mat e bësse Fangerspëtzegefill kënne mer d'Musek vun anere Kulture verstoen. 

A ka Musek mer konkret hëllefen, d'Liewe méi ze genéissen?

Absolut! Musek aktivéiert de Belounungszentrum am Gehier, wéi och d'Consommatioun vu Schockela an Drogen, oder Sex. Musek mécht Ustrengunge méi agreabel, kann awer och berouegen. Mir Mënsche si sozial Wiesen - dat erlieft ee beim Musizéiere ganz besonnesch. All Kand sollt dës Erfarung maachen dierfen.

Musek kann heelen, dat ass säit Laangem bekannt a gëtt an der Musekstherapie och genotzt. Eng nei Form vu Musekstherapie huet den Neurowëssenschaftler Thomas Fritz vum Max-Planck-Institut fir Cognitiouns- an Neurowëssenschaften zu Leipzig entwéckelt. Hien huet Fitnessgeräter sou ëmgebaut, datt si am Rhythmus vun der Beweegung Kläng produzéieren. Déi Method heescht "Jymmin", eng Kombinatioun vun Gym (Fitness) an Jamming (zesummen improviséieren). Ween a sengem Studio zu Leipzig Sport mécht, improviséiert eleng oder mat anere Musek a wiisst dobäi iwwert sech eraus: Hien oder si erlieft manner Péng, huet vill méi Ausdauer a kënnt an eng euphoresch Stëmmung.

Wat am Gehier geschitt, wärenddeem mer Musek lauschteren, weist den Neurowëssenschaftler a Museker Alan Harvey live un engem Kolleeg wärend engem TED-Talk. Sai Kolleeg huet eng Kap mat Elektroden un, wärenddeem e Musek lauschtert a mir gesinn, wéi Musek seng Gehierstréim beaflosst: vu rouegen Alphawelle bei schéiner, doucer Musek bis zu onrouegen Ausschléi bei méi komeschen a falschen Téin.

 

Text: scienceRELATIONS
Redaktioun & Iwwersetzung: Joseph Rodesch, Michèle Weber (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR