AdobeStock/danylamote

Insektenhotel an engem urbanen Ëmfeld

Insektenhoteller kënnen duerchaus e klenge Bäitrag zum Insekteschutz leeschten. Et kënnt ganz dorop un, wéi se gebaut a wou se opgestallt ginn – a wat fir eng Insekten ee fërdere wëll. Et gëtt mëttlerweil vill Studien, déi weisen, datt Insektenhoteller net all den Insekten hëllefen, mee just ganz bestëmmten Aarten – virun allem Wëllbeien, déi solitär liewen, déi also eenzel an net ewéi Hunnegbeien als Vollek optrieden, esouwéi Harespelen, déi gären an Huelraim nisten. [Staab et al. 2018; NABU-Check 2025]

Déi grouss Majoritéit vun de knapp 350 heemesche Wëllbeienaarte baut hir Näschter awer net a bestoenden Huelraim ewéi Stiller oder Réiercher, mee grueft se selwer an de Buedem – oft op sandegen, oppene Flächen. An och bei Harespele benotzen nëmme bestëmmt Aarten ewéi Gruef- oder Leemharespele bestoend Huelraim. Insektenhoteller hëllefen also nëmmen engem zimmlech klengen Deel vun den heemeschen Insekten. Vill méi wichteg ass et fir alleguer d'Aarten, hir natierlech Liewensraim ze schützen.

A wat ass mat aneren Insekten?

Himmelsdéiercher, Goldaen an Ouereschlëffer zéien och mol an d'Insektenhoteller an, woubäi se an der Natur am allgemenge besser Stoppe fannen.

Sinn Insektenhoteller vläicht éischter gutt gemengt ewéi gutt gemaach?

Dat kann een net esou pauschal soen. Vill vun de Modeller, déi een ze kafe kritt, gesi schéin aus, sinn awer kaum brauchbar oder esouguer schiedlech fir Insekten. Studien a Kanada weisen z. B., datt verschidden Hoteller méi Parasitten ewéi Milben a raiberesch Harespelen unzéien ewéi Wëllbeien. 

Dat trëfft awer net op all Standuert an all Land zou, well déi geografesch Lag duerchaus en Afloss op d'Zesummesetzung vun den Aarten an den Insektenhoteller huet.  Wann d'Hoteller gutt gebaut a richteg opgestallt sinn, kënne se vu Wëllbeie gutt ugeholl ginn. Dat weist z. B. och eng Zesummenaarbecht zu Lëtzebuerg tëschent dem naturmusée a CELL.

Am Kader vum Polynatur-Projet hu mir Insektenhoteller an urbane Gäert op 40 verschiddene Standuerter a ganz Lëtzebuerg opgestallt. D'Hoteller si ganz gutt ugeholl ginn.

Dr. Alexander Weigand, Biolog a Curateur fir Zoologie, Musée national d'histoire naturelle (MNHN)

Wourun erkennt een dann e gudden Insektenhotel?

Wichteg ass virun allem: D'Réiercher musse mindestens 10 cm déif sinn, aus haardem, dréchenen Holz bestoen an hir Agäng musse glat a propper sinn. D'Holz muss haart a fest verbaut sinn, well wann et sech beweegt oder deforméiert, verletzt oder zerstéiert et d'Insektebrutt. Ausserdeem muss den Insektenhotel hannen zou sinn, soss kommen d'Vulle liicht un d'Larven an d'Eeër. Materialien ewéi Holzwoll, Dännenzappen, Zillen oder faarweg Dekoelementer gesinn zwar flott aus, bréngen den Déieren awer näischt. [NABU-Check 2025; Harris et al. 2021]

Insektenhotel

Beispill vun engem gudden Insektenhotel, deen och vu Bewunner acceptéiert gouf (ze gesinn duerch verschlosse Réiercher) 

E gudden Insektenhotel brauch och e passende Standuert: sonneg, dréchen a wandgeschützt. [NABU-Check 2025] An den Agang sollt och no Süde geriicht sinn, fir datt et an de Réiercher séier a laang waarm ass. N ach méi wichteg ass d'Ëmgéigend: Ouni heemesch Bléieplanzen nobäi gëtt den Hotel net ugeholl, egal wéi gutt e gebaut ass [Harris et al. 2021] .

Vill Wëllbeienaarte sinn op nëmmen e puer Bléieplanzen an hir Pollen ugewisen a leeën nëmmen e puer 100 Meter Fluchdistanzen tëschent hirer Pollequell an hirer Naschtplaz zeréck. Wann also keng Bléieplanzen do sinn, se ze wäit ewech sinn oder déi falsch do stinn, gëtt och eng eigentlech passend Naschtplaz net gewielt.

Dr. Alexander Weigand, Biolog a Curateur fir Zoologie, Musée national d’histoire naturelle (MNHN)

Kann een da soen: Léiwer keen Insektenhotel ewéi e schlechten?

Dat kann een esou pauschal net soen. E schlecht gemaachten Insektenhotel ka Krankheeten oder Parasitte verbreeden (MacIvor & Packer, 2015; Gilpin et al., 2022). An et ka sinn, datt e vun de gewënschten Insektenaarten net ugeholl gëtt.  Mee wann ee sech gutt informéiert, éier een en Insektenhotel opstellt an dat Ganzt richteg uleet, kann esou eng Naschthëllef e klengen, sënnvolle Bäitrag zum Naturschutz leeschten. A vläicht nach méi wichteg: E reegt zum Nodenken un. Oder esouguer zum Beobachten: Wien en Insektenhotel opstellt, léiert vläicht nei, onbekannt Insektenaarte kennen. Esou gëtt ee séier selwer zum Fuerscher an entdeckt, wéi spannend dat ka sinn.

Wourun een e gudden Insektenhotel erkennt

 

Net all Insektenhotel ass automatesch nëtzlech. Vill handelsüblech Modeller gesinn zwar flott aus, sinn awer aus ekologescher Siicht net brauchbar. Fir datt en Insektenhotel tatsächlech vu Wëllbeien oder solitären Harespele genotzt gëtt, sollt e follgend Krittären erfëllen:

 

  • Längt vun de Réiercher: Mindestens 10 cm – nëmmen dann ass genuch Plaz, fir datt d'Wëllbeien hir Bruttzelle kënnen uleeën. Ze kuerz Réiercher bedeite méi Opwand a manner Nowuess.
  • Duerchmiesser vun de Réiercher: Variabel tëschent 2 an 10 Millimeter, passend fir verschidden Aarten.
  • Materialien: Haartholz (mat Buerungen an d'Längsholz), Bambus, Schilf oder stabil Kartongsréiercher – wichteg ass: Alleguer d'Réiercher mussen hannen zou sinn. Beim Schilf muss een och op d'Sprossenabschnitter oppassen, net datt d'Réiercher no 2 cm trotzdeem zou sinn.
  • Agäng: Glat an ouni schaarf Kanten, soss vermeiden d'Déieren den Hotel oder verletze sech beim Erafléien.
  • Befestegung: Réiercher sollte fest verbaut an net erauszéibar sinn, fir datt d'Vullen net un d'Insektebrutt kommen.
  • Hënnescht Wand: Déi muss zou sinn, well dat schützt d'Bruttzelle géint Wand, Fiichtegkeet a Feinden.
  • Daach: E schréien Daach mat Iwwerstand hëlleft géint Reen a Fiichtegkeet.
  • Schutzgitter: Dat ka sënnvoll sinn, sollt awer net direkt op den Agäng leien, well d'Vullen et soss als Sëtzhëllef benotzen.
  • Keen Dekomaterial: Holzwoll, Dännenzappen oder Zille gesinn zwar flott aus, sinn awer notzlos a blockéiere Plaz fir sënnvollt Naschtmaterial.

 

Wie sech beim Kaf un dës Krittäre fir d'Auswiel vun engem Insektenhotel hält – oder en Hotel selwer baut, zum Beispill no der NABU-Virlag – ka mat enger einfacher Konstruktioun tatsächlech e klenge Bäitrag zum Erhale vun der Aartevillfalt leeschten.

En alternativen Trend geet a Richtung „Insektentower”, fir méiglechst villen Insektenaarten en Doheem ze bidden. Wann dann do och nach Sand ronderëm opgeschott gëtt, ass dat ganz gëeegent.

Dr. Alexander Weigand, Biolog a Curateur fir Zoologie, Musée national d’histoire naturelle (MNHN)

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS – Wëssenschaftskommunikatioun)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR), Dr. Alexander Weigand (MNHN)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Reverté, S., Miličić, M., Ačanski, J., Andrić, A., Aracil, A., Aubert, M. et al. (2023) National records of 3000 European bee and hoverfly species: A contribution to pollinator conservation. Insect Conservation and Diversity, 16(6), 758–775. Available from: https://doi.org/10.1111/icad.12680

Staab, M., Pufal, G., Tscharntke, T., & Klein, A. M. (2018). Trap nests for bees and wasps to analyse trophic interactions in changing environments: A systematic overview and user guide.

Methods in Ecology and Evolution, 9(12), 2226–2239. https://doi.org/10.1111/2041-210X.13070

Gilpin, Amy-Marie & Brettell, Laura & Cook, James & Power, Sally. (2022). The use of trap‐nests to support crop pollinators in agricultural areas. Ecological Research. 37. 10.1111/1440-1703.12348.

MacIvor JS, Packer L (2015) ‘Bee Hotels’ as Tools for Native Pollinator Conservation: A Premature Verdict?. PLOS ONE 10(3): e0122126. https://doi.org/10.1371/journal.pone.0122126

Harris, B.A. & Poole, Emilee & Braman, Susan & Pennisi, S.V.. (2021). Consumer-Ready Insect Hotels: An Assessment of Arthropod Visitation and Nesting Success. Journal of Entomological Science. 56. 10.18474/0749-8004-56.2.141.

NABU (2025). 7 Insektenhotels im NABU-Check: Darauf kommt es bei einer Nisthilfe an.

ÖKO-TEST Magazin, Ausgabe April 2025. https://www.oekotest.de/freizeit-technik/7-Insektenhotels-im-NABU-Check-Darauf-kommt-es-bei-einer-Nisthilfe-an_15383_1.html

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.

Aussi dans cette rubrique

Examen Stress
En eidele Kapp Wat maache bei engem mentale Blackout?

D'Virbereedung op eng Prüfung kann nach esou gutt sinn. Wann et drop ukënnt, dann ass de Kapp heiansdo komplett eidel. Wat kann ee géint esou e Blackout maachen? A firwat geschitt dat iwwerhaapt?

FNR
Gediechtnes Firwat léiert ee Songtexter méi einfach ewéi Physiksformelen?

Mr Science, wann ech e Lidd eng Kéier héieren, kennen ech de Refrain direkt auswenneg. Firwat verhalen ech d'Songtexter esou einfach, woubäi ech mat thermodynamesche Formelen ëmmer hu misse kämpfen?

FNR
Hühnerei
An d'Schuel geschmass Firwat ginn et wäiss a brong Héngereeër?

Firwat sinn Héngereeër eigentlech wäiss oder brong a wéi kënnt d'Faarf an d'Schuel?

FNR