FNR, RTL

An engem Schreiwes fir eng Plaz um Haff vum Ludovico da Sforza zu Mailand huet de Leonardo da Vinci ëm 1483 Folgendes geschriwwen:

Ech hunn eng Uleedung fir de Bau vu ganz liichten, an transportabele Brécken, mat deenen een e Feind op der Flucht ka verfollegen....

Leonardo da Vinci, 1483

Leonardobrücke

Extrait aus dem Leonardo da Vinci sengen Opzeechnunge vu der Bréckekonstruktioun

D’Leonardobréck ass eng sech selwer droent Konstruktioun, déi just aus Dunne (Holzbalken) besteet, déi just duerch Drock a Reiwung vun de Brieder stabil gehale gëtt. D’Elementer gi weder verschrauft, nach mat Seeler oder Pech befestegt.

Beléifte Konstruktiounschallenge fir Gruppen oder Klassen

D’Zeechnung ass immens inspiréierend an dofir ass d’Leonardobréck och eng immens beléiften Tüftelaktivitéit fir, am klengen, mat Klassen oder Gruppen ze probéieren, well se sou einfach, an awer sou erstaunlech ass. Eng Uleedung wéi een dës ingéniéis Bréck baut fannt dir hei.

Et gëtt awer bis ewell keen historesche Beweis datt esou eng Konstruktioun och am Grousse fir eng Arméi oder fir d’Truppe vum Herzog gedéngt soll hunn.

De Mr Science Challenge: Leonardobréck am Supersize

Am Internet ginn et wuel Videoe vu Leit déi e Bréckebou op enger Wiss gebaut hunn, mee de Mr Science wollt dëst awer ënner reelle Konditiounen testen. Als Material: Holzkäffer ouni Akerbungen an e puer Holzbrieder mat engem Gesamtgewiicht vun ëm déi 300 kg. Den Obstakel sollt en 10 Meter breede Floss sinn, mat uerdentlech Stréimung. Ausserdeem sollt d’Bréck an enger Rekordzäit vun ënner 15 Minutte fäerdeg sinn, well se soss net fir militäresch Zwecker kënnt agesat ginn.

Ob d’Equipe ronderëm de Mr Science dat hikritt huet, an ob d’Bréck och benotzbar ass, gesitt dir am Video.

Merci’en:

HFM Hoffmann frères Miersch (besonnesch dem Marco Back) fir d’technesch Ënnerstëtzung an fir d’Holz
Dem Paul Reinig a sénger 2e BC auf dëm Wëlser Lycée (LNW)
Gemeng Kiischpelt (Yves Kaiser, André Weis), fir d’technesch Ënnerstëtzung sur place
De Fräschmänner vum CGDIS fir d’Ofsécheren am Waasser
Max Weirig (Drone), Julieta Fernandez (Logistik), Olivier Catani, Tom Zeimet (Kamera)
Ingo Knopf (Berodung)

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL 

Infobox

RTL PISA

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op https://rtl.lu/tele/pisa-de-wessensmagazin

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR