Fasching

shotshop.com

D'Verkleedung hëlleft perséinlech Hemmschwellen ze iwwerwannen.

An e puer Deeg fänkt an Däitschland offiziell d’Fuesent un. A dat gëtt a verschiddene Regiounen op der Welt ënnerschiddlech gefeiert. Eng Particularitéit fënnt een awer iwwerall: D’Leit verkleeden sech. Firwat maachen se dat?

Psychologen erklären d’Loscht sech ze verkleede mat dem Wonsch vu ville Leit, aus hirer alldeeglecher Roll auszebriechen. Dës hunn si sech am Laf vum Liewen zougeluecht – duerch d’Wiel vun hirem Beruff oder duerch Upassen un d’Famill oder d’Noperschaft: un hirt soziaalt Ëmfeld.

Mee vill Leit wënschen sech zumindest heiansdo nei Rollen oder Verhalensweisen auszeprobéieren. Eng Verkleedung ass heifir ideal: hannert enger Mask kann een sech gutt verstoppen. A vun anere Leit gëtt een net als dee wouergeholl, deen een ass, mee als een, deen een nomécht. Sou loossen sech, ouni Folge fir den eegene Ruff, d’Reaktioune vum Ëmfeld op en ongewinnt Behuelen testen.

Mécht eng Verkleedung hemmungslos?

Net onbedéngt. Awer si hëlleft, perséinlech Hemmschwellen ze iwwerwannen, zum Beispill wann ee schei ass. Da kann e passende Kostüm Geleeënheete bidden, déi et erliichteren aner Leit unzeschwätze – wann een als Clown verkleet ass kann een zum Beispill zesumme mat anere Leit Dommheete maachen. Virun allem Kanner hëlleft Verkleeden, hiert Selbstbewosstsinn ze stäerken, verstoppten Talenter ze ënnersichen an Empathie ze entwéckelen – andeems se zum Beispill an d’Roll vun engem Filmstar oder engem Clochard klammen.

Léist sech aus dem gewielte Kostüm eppes iwwert de Charakter erausliesen?  

Mat esou Interpretatioune sinn d’Psychologe virsiichteg. Well et gi vill Grënn firwat een sech hannert enger bestëmmter Mask verstoppt. D’Wiel vum Kostüm ka weisen, wien ee gäre wär. Oder e soll Charaktereegeschafte betounen, déi ee souwisou huet. Oder en ass einfach zweckméisseg: wéi e waarme Plüschkostüm géint d’Keelt.

Wann Déiere sech verkleeden

Wat bei Mënschen e witzegt Rollespill ass, kann am Déiereräich eng Fro vum Iwwerliewe sinn. Well och Déiere verkleeden sech, zum Beispill andeems se sech op raffinéiert Aart a Weis tarnen. Sou verstoppe si sech viru Feinden - oder kommen als Jeeër méiglechst onbemierkt un hir Beute erun. Donieft trickse vill Déieren aner Déieren duerch e schlaue Kostüm aus. Ee Beispill ass d'Sträifemuster vun Zebraen. Déi wëll Päerd maachen et sou engem Léif deen ugräife well schwéier, en eenzelt Zebra ze erkennen. En anert Beispill ass d'Wollefsspann, där hiert Hell-Donkel-Muster sech kaum vun engem Bamstamm ënnerscheede léist. Oder Stabheesprénger, déi wéi dier Äscht ausgesinn. Nach méi duerchdriwwen ass de Karnevalsftëntefësch. Hee kann seng Figur sou veränneren, dass e wéi en anert Déier ausgesäit - zum Beispill wéi eng Séischlaang oder e Plattfësch. Aner Déiere verkleeden sech extra faarweg - zum Beispill, fir dat anert Geschlecht op sech opmierksam ze maachen. So setze männlech Stackinten an der Paarungszäit eng Kroun aus gréngen, blénkege Fiederen op. Feilgëftfräschen dogéint signaliséieren duerch eng grell liichtend Faarf, dass si gëfteg sinn - a verdierwe potenzielle Feinden esou den Appetit.

Ursprong vun der Fuesent a Kostümer

Verkleeden huet an der Geschicht eng laang Traditioun. Sou hu sech vill Leit a ville Regioune scho viru Joerhonnerte rituell Maskarade wéi Haren opgesat, fir d'Dämone vum Wanter ze verdreiwen an déi gutt Fréijoers-Geeschter unzelackelen. Am Mëttelalter an an der Renaissance hunn d'Leit sech wärend der Fuesent verkleet, fir eemol ongestrooft déi streng gesellschaftlech Grenzen ze iwwerschreiden.  Eppes Ähnleches gouf et och bei de Réimer: um Festdag zu Éiere vum Akerbau-Gott Saturn hu si hir sozial Uerdnung op d'Kopp gehäit, andeems d'Bierger d'Roll vun de Sklaven ugeholl hunn.

Auteur: Ralf Butscher/scienceRELATIONS
Editeur an Iwwersetzer: Michèle Weber (FNR)

Infobox

De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldoradio eng Fro.

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR