Envato Elements Item
Mr Science, heiansdo steet eng Dier grouss op – a knuppt bei Duerchzuch stënterlech zou. Wéi ass dat méiglech?
Well op béid Säite vun enger Dier liicht ënnerschiddlech Drockverhältnisser herrsche kënnen. Doduerch geréit Loft a Beweegung – et zitt. Dës Loftstréimung wierkt op d'Diereplack, setzt d'Dier a Beweegung an op eemol klaakt se zou (Wilson & Kiel, 1990).
Wouhier kommen dann esou Drockënnerscheeder?
D'Drockënnerscheeder kënnen zum Beispill entstoen, well Fënsteren opstinn. Och Wand (Qi et al., 2017; Wilson & Kiel, 1990) oder Ënnerscheeder tëschent der Bannen- an der Baussentemperatur (Wilson & Kiel, 1990) brénge Loft a Beweegung. Se stréimt dann duerch oppen Dieren a Fënstere vu Beräicher mat engem méi héijen Drock a Beräicher mat engem méi niddregen Drock.
Firwat setzt Loft eng Dier iwwerhaapt a Beweegung?
Well Loftdrock op d'Plack vun der Dier wierkt. (Wang & Wu, 2015). Wann de Loftdrock op der baussechter an der banneschter Säit vun der Dier ënnerschiddlech ass, da fänkt se un, sech ze beweegen.
Also wéi beim Fliger? Dee geet jo an d'Luucht, well op der ieweschter Säit vun de Fligel manner Drock herrscht ewéi op der ënneschter Säit.
Neen, sou einfach ass dat bei enger Dier net. D'Dier reagéiert nämlech net nëmmen op d'Loft, déi beweegt gëtt, mee se beweegt d'Loft och selwer (Chang et al., 2015). Ënnersichunge weisen, datt doduerch un der Diereplack ganz komplex Stréimungsverhältnisser entstinn, zum Beispill e Loftwirbel (Chahardoli et al., 2026 ). D'Loft dréckt also net gläichméisseg, mee ënnerschiddlech staark op d'Diereplack.
An dofir kann d'Dier dann och géint d'Wandrichtung zouknuppen?
Jo, dat ass méiglech. Fir d'Loftstréimung un der Dier ass entscheedend, wat fir eng Drockverhältnisser op béide Säiten herrschen. Jee nodeem, op wat fir enger Säit den Drock méi héich ass, kann d'Loft duerch d'Ëffnung vun der Dier an déi eng oder aner Richtung stréimen (Qi et al., 2017).
A firwat knuppen d'Diere bei oppene Fënsteren esou ferm zou?
Well d'Dier, wa se zougeet, selwer Loft verdrängt. Bei zouene Fënstere wierkt déi verdrängt Loft ewéi eng Brems. Wann eng Fënster op ass, kann den Drock sech méi einfach ausgläichen – d'Loft bremst d'Dier manner staark of an d'Dier klaakt méi einfach zou (Marshall et al., 2011).
Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)
Firwat et an Héichhaiser am Diereberäich oft zitt – de Kamäineffekt
An Héichhaiser entstinn an de Gebaier selwer oft Drockënnerscheeder tëschent verschiddene Beräicher. E wichtege Grond ass de sougenannte Kamäineffekt: Waarm Loft geet am Gebai erop a kal Loft stréimt no. Doduerch kann am Beräich vun den Dieren e spierbaren Duerchzuch entstoen. Ënnersichunge weisen, datt esou Drockënnerscheeder an Héichhaiser net nëmme Wandgeräischer verursaachen, mee och dozou féiere kënnen, datt een Diere méi schwéier op- oder zoukritt. Besonnesch opfälleg gëtt dat am Beräich vu Wunnengsdieren an a Couloiren, wa Loft duerch méi kleng Splécken oder beim Opmaache vun Dieren duerch de Splack vun der Dier päift. Ingenieure probéieren, esou Effekter zum Beispill duerch Drockausgläich, méi dicht Dieren, Schleisen, ugepasst Lëftungssystemer oder eng geziilt Steierung vun de Loftstréim am Gebai ze reduzéieren (Yoon et al., 2020).
Infobox
Chang, Le & Zhang, Xu & Wang, Shengji & Gao, Jun. (2015). Control Room Contaminant Inleakage Produced by Door Opening and Closing: Dynamic Simulation and Experiments. Building and Environment. 98. https://doi.org/10.1016/j.buildenv.2015.12.013.
Chahardoli, Saeid & Nikoopayan Tak, Mohammad Saleh & Lesan, Mina & Mousavi, Ehsan & Bhattacharya, Arup. (2026). Analysis of the Effects of a Swing Door Opening on Indoor Airflow Fields—An Experimental Study. Buildings. 16. 54. https://doi.org/10.3390/buildings16010054.
Marshall, D. A., Hands, T. O., Griffiths, I., & Douglas, G. (2011). Slamming doors due to open windows. Journal of Physics Special Topics, A2, 7.
Qi, Dahai & Goubran, Sherif & Wang, Leon & Zmeureanu, R.. (2017). Parametric study of air curtain door aerodynamics performance based on experiments and numerical simulations. Building and Environment. 129. https://doi.org/10.1016/j.buildenv.2017.12.005.
Wang, S.-B., & Wu, C.-F. (2015). Design of the force measuring system for the hinged door: Analysis of the required operating torque. International Journal of Industrial Ergonomics, 49, 1–10. https://doi.org/10.1016/j.ergon.2015.05.010
Wilson, D. J., & Kiel, D. E. (1990). Gravity driven counterflow through an open door in a sealed room. Building and Environment, 25(4), 379–388. https://doi.org/10.1016/0360-1323(90)90012-G
Yoon, S., Song, D., Kim, J., Kim, J., Lim, H., & Koo, J. (2020). Identifying stack-driven indoor environmental problems and associated pressure difference in high-rise residential buildings: Airflow noise and draft. Building and Environment, 168, 106483. https://doi.org/10.1016/j.buildenv.2019.106483

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.