RTL, FNR

All Joer am Summer ginn d’Moderatore vum Pisa Wëssensmagazin op RTL Télé, sech e gemeinsamen Challenge fir d’Saison unzefänken.

All Joer am Summer ginn d’Moderatore vum Pisa Wëssensmagazin op RTL Télé, sech e gemeinsamen Challenge fir d’Saison unzefänken.

Den Ufank vum Joer 2018 war doduerch markéiert, datt de Wollef fir d’éischt zanter ganz laangem erëm duerch Lëtzebuerg gezunn ass. Hiweiser heirobber hunn eng Foto an 2 gerasse Schof geliwwert. Dëst insolite Evenement hunn den Olivier an de Joseph als Geleeënheet genotzt, fir ze iwwerpréiwen, wéi wëll Déieren et iwwerhaapt fäerdeg bréngen, quasi onbemierkt duerch eist Land ze zéien.

Ginn et genuch duerchgängeg Bëscher, a genuch Iwwergäng op eisen Stroossen an Autobunnen?

An 2 Deeg goung et vun der däitscher Grenz aus (bei Fouren) queesch duerch d’Land bis an d’Belsch (bei Stengefort), an dat zu Fouss. D’Zil war et, eng Streck ze wielen, déi och vun engem wëllen Déier, wat Mënscheschei ass, kéint geholl ginn. Iwwer 70 Kilometer,  dat ass d’Streck déi ee Wollef an engem Dag zeréckleeë kann, sinn si fir hire Challenge getrëppelt, an dat quasi just iwwer Bëschweeër oder duerch déck an dënn. Lëtzebuerg ass awer keen einfachen Terrain, well e ganz dicht Stroossennetz et an all Richtungen duerchzitt.

Mir kënnen iech et verroden: Si sinn natierlech kengem Wollef begéint, mee si hunn eng wonnerschéi Säit vu Lëtzebuerg entdeckt.

De Wollef kënnt zeréck

De Wollef an och aner wëll Déiere wäerten sech an de kommende Joren lues a lues hiren Terrain zeréck erueweren. Fir datt de Mënsch an déi wëll Déieren och roueg nieftenee liewe kënnen, brauch all Partei säi Liewensraum. Dat bedeit nach e puer Verännerungen an eiser Landschaft. Dëst ass ënner anerem ee Sujet an der Sendung.

Iessbar Planze fanne mat moderner Technik

Eng App um Smartphone, déi „inaturalist“ heescht erméiglecht et, mat Hëllef vun Algorithmen, an awer och der Erfarung vu Biologen, Planzen an Déieren ze bestëmmen, déi een net kennt. Einfach fotograféieren, an dann iwwert d‘App eroplueden. Op Basis vun der Positioun a vu verschiddenen Informatiounen aus der Foto, mécht d’App zimlech akkurat Virschléi, a gëtt Informatiounen zu dem Déier oder der Planz déi ee fonnt huet. Dëst kann z.B. am Hierscht hëllefräich si fir op Champignonssich ze goen. Mee opgepasst: Wann der iech net 100 % sécher sidd, loosst d’Planz léiwer stoen.

Auteur: Olivier Catani (RTL) a Joseph Rodesch (FNR)
Produktioun: RTL
Merci’en: Christian Marche, Melanie Reuter (FNR), Sandra Cellina (ANF)

Aussi intéréssant

Klimawandel Wat mécht den CO2 op eiser Äerd?

Klimakiller an CO2-Steier - iwwer den CO2 gëtt vill geschwat. De Mr Science erkläert firwat e Gas, deen nëmme knapp 0.04...

FNR , RTL
Stroossebau Gëtt et de perfekte Stroossebelag ?

Grëffeg, resistent a roueg … Dëst sinn nëmme e puer vun den Eegenschaften déi e Stroossenbelag muss hunn. De Mr Science ...

FNR , RTL
Best of 10 Joer Pisa Happy Birthday, Mr. Science!

En Zesummeschnëtt vun de stäerkste Momenter aus 10 Joer Mr Science am Pisa Wëssensmagazin, souwéi en Artikel dee fir de ...

FNR , RTL

Aussi dans cette rubrique

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR