RTL, FNR

De Video vum PISA Summerchallenge 1/2

Wärend dräi Deeg sinn den Olivier Catani an de Mr Science mam Stand up Paddle (SUP) iwwert d’Uelzecht gepaddelt an hunn sech e Bild iwwert den Zoustand vun deem Floss gemaach, deen hei am Land am meeschten Ofwaasser muss opfänken.

An dësem éischten Deel geet et vun der Quell bis bei Dieren vun der Festungsstad.

De kompletten Challenge fënns Du wéi all Mr Science-Reportage aus dem PISA Wëssensmagazin am Replay op pisa.rtl.lu.

Auteur: Olivier Catani (RTL), Joseph Rodesch(FNR)
Produktioun : RTL

Diffusiounsdatum : 10/10/21

 

Infobox

PISA - de Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.

Aussi dans cette rubrique

Ausserierdesch Signaler Wéi sicht d'Wëssenschaft no ausserierdesche Signaler?

Wat geschitt, wann d'Mënschheet e Signal vun ausserierdeschem Liewen entdeckt? Nei international Richtlinne leeë fest, wéi d'Wëssenschaft da soll virgoen. Mee wéi sicht se iwwerhaapt no Signaler?

FNR
Physik am Alldag Firwat knuppen Diere bei Duerchzuch zou?

Wann Diere bei Duerchzuch zouknuppen, stécht net einfach nëmme Wand dohanner. Entscheedend sinn Drockënnerscheeder, déi Loft a Beweegung setzen – an d'Tatsaach, datt d'Dier d'Loft selwer och beweegt.

FNR
Blëtzableiter Kéint een Energie aus Blëtzer gewannen?

An engem Blëtz stécht dach ganz vill Energie. Kënne mir déi vläicht notzen?

FNR