Lähmung

shotshop.com

Si sinn nach wäit ewech vun hirem Zil Queeschschnëttslämung erëm réckgängeg ze maachen.

Dat ass leider net de Fall. Genee sou wéi Geläämter sech a verschiddene Fäll kleng Fortschrëtter duerch verbasse Beweegungstherapie erkämpfe kënnen, schaffen sech d’Wëssenschaftler säit dräi Joerzéngte Stéck fir Stéck vir. Mä si sinn nach wäit ewech vun hirem Zil Queeschschnëttslämung erëm réckgängeg ze maachen. Mä déi neiste Resultater maachen Hoffnung. Een internationaalt Fuerscherteam aus der Schwäiz huet an enger aktueller Studië 2 vun 3 Testpersounen dozou bruecht, erëm e puer Schrëtt goen ze kënnen, ouni sech festhalen ze mussen. An dat ass impressionnant!

Wéi hunn si dat gepackt?

Bei enger Operatioun gouf den Testpersounen eng kleng Plack mat 16 Elektroden um Réckemuerch befestegt, an zwar ënnert där Platz, déi duerch den Accident ënnerbrach gouf. Mat den Elektrode konnten d’Fuerscher d’Réckemuerch mat genee doséierten elektreschen Impulser stimuléieren. Och Nervesignaler sinn elektresch Impulser, an d’Réckemuerch ass ee Strang aus ville Nerven, déi deelweis zu Kontrollzentere  verbonne sinn, déi d‘Beweegunge steieren.

A wat bréngt déi Stimulatioun?

D’Method funktionéiert nëmmen, wann d’Réckemuerch duerch den Accident net komplett zerschnidde ginn ass. Da leeden e puer Nerven nach Beweegungsbefeeler vum Gehir an d‘Kontrollzenteren am Réckemuerch weider. Déi Signaler sinn awer ze schwaach a kommen net bei de Muskelen un. An Déierenexperimenter konnt een duerch elektresch Stimulatioun d’Réckemuerch fir dës schwaach Beweegungsbefeeler awer méi sensibel maachen. Dat schéngt se souguer ze verstäerken. Beim Mënsch funktionéiert dës Methode bis elo awer net esou gutt.

 A wat ass de wëssenschaftlechen Duerchbroch, den elo gelongen ass?

D’Fuerscher aus der Schwäiz ënnersiche zanter ville Jore genee wéini a wou Nervesignaler duerch d’Réckemuerch lafen – bei gesonde Persounen. Wann ee dat gesinn kéint, géif een eng Aart flackeren am Réckemuerch erkennen, jee nodeems wéi eng Beweegung grad gemaach gëtt. Dës gesond Nervesignalmuster hunn si nogemaach. Déi elektresch Impulser ginn also an enger bestëmmter Offolleg vun de 16 Elektroden op d’Réckemuerch geleet. Fir beim Verglach mam  Flackeren ze bleiwen: et ass ähnlech wéi bei enger Diskoluuchtenanlag mat 16 Luuchten. No 5 Méint Beweegungstraining mat dëser neier Neurostimulatioun konnten d‘Testpersoune souguer ouni dës kënschtlech Hëllef vill Beweegunge maachen, déi virdrun onméiglech waren.

Duerch d’Neurostimulatioun an den Training goufen also erëm Beweegungsofleef geléiert?

Sou stellen sech d’Fuerscher dat fir. Eventuell hunn sech d‘Nerven nei verkabelt oder et si souguer neier gewuess. Mee wéi d’Method am Detail funktionéiert, dat mussen sie nach erausfannen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzung: Joseph Rodesch (FNR) / Melanie Reuter (FNR)

Nach e puer aner Froen...

Infobox

Aussi dans cette rubrique

Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR
Naturschutz am Gaart Ass en Insektenhotel gutt oder schlecht?

Mr Science, iwwerall stinn dës Insektenhoteller mat Äscht a Bambusréiercher, an deenen Insekten niste sollen. Sinn déi eigentlech wierklech sënnvoll fir den Insekteschutz?

FNR