shotshop.com
Dat ass leider net de Fall. Genee sou wéi Geläämter sech a verschiddene Fäll kleng Fortschrëtter duerch verbasse Beweegungstherapie erkämpfe kënnen, schaffen sech d’Wëssenschaftler säit dräi Joerzéngte Stéck fir Stéck vir. Mä si sinn nach wäit ewech vun hirem Zil Queeschschnëttslämung erëm réckgängeg ze maachen. Mä déi neiste Resultater maachen Hoffnung. Een internationaalt Fuerscherteam aus der Schwäiz huet an enger aktueller Studië 2 vun 3 Testpersounen dozou bruecht, erëm e puer Schrëtt goen ze kënnen, ouni sech festhalen ze mussen. An dat ass impressionnant!
Wéi hunn si dat gepackt?
Bei enger Operatioun gouf den Testpersounen eng kleng Plack mat 16 Elektroden um Réckemuerch befestegt, an zwar ënnert där Platz, déi duerch den Accident ënnerbrach gouf. Mat den Elektrode konnten d’Fuerscher d’Réckemuerch mat genee doséierten elektreschen Impulser stimuléieren. Och Nervesignaler sinn elektresch Impulser, an d’Réckemuerch ass ee Strang aus ville Nerven, déi deelweis zu Kontrollzentere verbonne sinn, déi d‘Beweegunge steieren.
A wat bréngt déi Stimulatioun?
D’Method funktionéiert nëmmen, wann d’Réckemuerch duerch den Accident net komplett zerschnidde ginn ass. Da leeden e puer Nerven nach Beweegungsbefeeler vum Gehir an d‘Kontrollzenteren am Réckemuerch weider. Déi Signaler sinn awer ze schwaach a kommen net bei de Muskelen un. An Déierenexperimenter konnt een duerch elektresch Stimulatioun d’Réckemuerch fir dës schwaach Beweegungsbefeeler awer méi sensibel maachen. Dat schéngt se souguer ze verstäerken. Beim Mënsch funktionéiert dës Methode bis elo awer net esou gutt.
A wat ass de wëssenschaftlechen Duerchbroch, den elo gelongen ass?
D’Fuerscher aus der Schwäiz ënnersiche zanter ville Jore genee wéini a wou Nervesignaler duerch d’Réckemuerch lafen – bei gesonde Persounen. Wann ee dat gesinn kéint, géif een eng Aart flackeren am Réckemuerch erkennen, jee nodeems wéi eng Beweegung grad gemaach gëtt. Dës gesond Nervesignalmuster hunn si nogemaach. Déi elektresch Impulser ginn also an enger bestëmmter Offolleg vun de 16 Elektroden op d’Réckemuerch geleet. Fir beim Verglach mam Flackeren ze bleiwen: et ass ähnlech wéi bei enger Diskoluuchtenanlag mat 16 Luuchten. No 5 Méint Beweegungstraining mat dëser neier Neurostimulatioun konnten d‘Testpersoune souguer ouni dës kënschtlech Hëllef vill Beweegunge maachen, déi virdrun onméiglech waren.
Duerch d’Neurostimulatioun an den Training goufen also erëm Beweegungsofleef geléiert?
Sou stellen sech d’Fuerscher dat fir. Eventuell hunn sech d‘Nerven nei verkabelt oder et si souguer neier gewuess. Mee wéi d’Method am Detail funktionéiert, dat mussen sie nach erausfannen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!
Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzung: Joseph Rodesch (FNR) / Melanie Reuter (FNR)
Nach e puer aner Froen...
Wéi steiert de Patient seng Beweegungen mat der Neurostimulatioun?
Déi 16 Elektroden, déi op dem Réckemuerch sëtzen, sinn mat enger implantéierter Schaltzentral verbonnen . Dee gëtt per Funk vu baussen vun engem Gerät gesteiert. Dat dréit de Patient um Kierper. Hien huet ausserdeem nach en Tablett, eng sproochgesteiert Auer a Beweegungssensoren. Um Tablett kann hien zum Beispill tëscht Goen a Stoe wielen. Mat der sproochgesteierter Auer schalt hien d’Neurostimulatioun un oder aus. Déi Beweegungssensoren un de Been oder Äerm si wichteg, dass d’Impulser vun der Neurostimulatioun op d’Beweegung ofgestëmmt sinn. Well d’Beweegunge ginn duerch d’Neurostimulatioun net ferngesteiert, mee nëmmen ënnerstëtzt. De Patient kann also säi Been beim Goe méi oder wéineger staark unhiewen oder lues oder séier beweegen oder souguer ganz ophalen ze goen. Dat gëtt vun de Beweegungssensore registréiert an un d’Steiergerät gemellt. Dat suergt dann dofir dass d’Stroumimpulser an enger passender Offolleg gi ginn, also méi lues oder méi séier, jee nodeems wat de Patient virgett.
Nerven erëm zesumme wuesse loossen?
Ee méiglechen Usaz, fir Queeschschnëttslämungen ze heelen, wier et, déi zerschnidden Nerveverbindungen erëm zesummewuessen ze loossen. Dofir experimentéiere Fuerscher ënner anerem mat kierpereegene Stoffer, déi den Nervenwuesstem stimuléieren an och mat Stammzellen. Vun enger breeder medezinescher Applikatioun ass een awer nach wäit fort.
Hoffnung Exoskeletter?
Fuerscher experimentéieren zanter längerem och mat Exoskeletter, fir Geläämter ze hëllefen. Dat ass eng Zort Roboter-Corset mat beweeglechen Äerm a Been, deen un de verschidde Membere vum Kierper vum Patient befestegt ass. Et hëlleft dem Patient, andeems et hie stäipt a Beweegungen ausféiert.
Hien steiert de Skelett entweder per Knäppchen, mat Sproochbefeeler oder och duerch elektresch Nervesignaler, déi a Muskelen oder am Gehir vum Patient ofgegraff ginn. Exoskeletter kënnen och enges Daags Aarbechter um Bau hëllefen, fir schwéier Laaschten ze droen oder Zaldoten, déi domat méi séier a mat méi Ausdauer lafe kënnen.
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science