© shotshop.com

Mat eisem Leitungswaasser a mat schuedstofffräiem Wasserkocher onbedenklech

Mr. Science, ech hun héieren, dass ee Waasser net zweemol opkachen duerf, well da méi Schuedstoffer dra sinn?

Vill Internetsäite warnen do virdrun. Et mëscht awer keen Ënnerscheed, ob ech d’Waasser eemol oder e puer mol opkachen. Entscheedend dobäi ass nëmmen d’gesamt Kachdauer. Well ëmsou méi laang ech Waasser kachen, desto méi verdämpt. Wann ech also e Liter Waasser sou laang kachen, bis nëmmen nach sou vill iwwreg ass, wéi ech fir eng Taass Téi brauch, dann hun ech d’Schuedstoffer konzentréiert. Amplaz an engem Liter sinn se elo an 0,2 Liter dran. Hier Konzentratioun ass em de Facteur 5 an d’Luucht gaangen.

Dat mëscht engem Angscht!

Jo, mee déi kanns de mat enger einfacher Fro erëm verléieren: Häss de Angscht, d’Ufanks Quantitéit Waasser ze drénken, also de ganze Liter?

Nee, natierlech net…

Genee, well eis Drénkwaasser, ass an der Reegel immens secher a Schuedstoffer sinn nëmmen a gerénge Konzentratiounen dran. Suerge muss een sech nëmme maachen, wann d’Drénkwaasser staark verknascht ass. Mee da soll een et souwisou léiwer net drénken.

Dat zweet Argument vun der Angschtmaacherei am Internet ass: Duerch déi méi laang Kachzäit géife Schuedstoffer aus dem Dëppen oder Waasserkocher an d’Waasser iwwergoen.

An?

Wëssenschaftler hun dat ënnersicht a festgestallt, dass Edelstol beim Kache keng Schuedstoffer an d’Waasser ofgëtt. Waasserkocher mat bëllege Plastikselementer kënnen awer Schuedstoffer an d’Waasser ofginn. Dofir soll een doran Waasser am beschten iwwerhaapt net opkachen.

D’Angscht virun enger zweete Kéier opkachen ass awer am Prinzip onbegrënnt?

Mat eisem Leitungswaasser a mat schuedstofffräien Dëppen oder Waasserkocher: Jo, op alle Fall!

Auteur: scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch
Iwwersetzer: Sophie Steinmetz
Photo: shotshop.com

Infobox

Mr Science op Eldo Radio

All 2 Wochen beäntwert de Mr Science op Eldo Radio eng Fro. Des Fro gouf an der Sendung vum 25.10.2017 beäntwert. 

Aussi intéréssant

App Bloomin‘ Algae Les citoyens peuvent aider à surveiller les algues bleues dans les eaux luxembourgeoises

Grâce à l'application pour smartphone Bloomin' Algae, tout le monde au Luxembourg peut aider les scientifiques du LIST à...

Science meets Art BD scientifique : Les aventures de Tuwwo la molécule d’eau

Le projet « LUX:plorations » combine art et recherche : des artistes et scientifiques locaux ont créé huit bandes dessin...

Mr Science Experiment De gréisste kënschtleche Geysir vun der Welt?

Waarmwaassergeysiren, wéi een se aus Island kennt, kann een am klengen als Experiment nobauen.

FNR , RTL

Aussi dans cette rubrique

Santé des femmes Qu’est-ce que l’endométriose, et comment la traiter ?

Un aperçu sur les symptômes, le diagnostic, les causes ainsi que les traitements en pratique clinique et en recherche et développement de cette maladie chronique qui touche au moins une femme sur dix...

FNR
Atomkraaft Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Atomreakter an enger Atombomm?

D'Kraaft vum Atom huet esouwuel zu grujelege Waffe geféiert ewéi zu enger Stroumquell, déi an 31 Länner benotzt gëtt. De Mr Science erkläert Ënnerscheeder tëschent Atomreakter an Atombomm.

FNR
Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR