Blondine lernt

shotshop.com

D'Haaptstied vun Europa, englesch Vokabelen oder Piano spillen: Fir sou eppes ze léieren, muss een d'Gediechtnes trainéieren - mat verschiddene Methoden.

D'Gehier besteet aus ganz villen Nervenzellen. Déi kommunizéiere mat Hëllef vu chemesche Botestoffer an elektresche Signaler mateneen. Huel emol un, du solls den Numm vun der Haaptstad vun Usbekistan léieren. Wann des Informatioun am Gehier ukënnt, kommunizéiert eng Grupp Nervenzelle an enger bestëmmter Regioun vum Gehier mateneen. Wann s de den Theoreme de Pythagore solls léieren, sinn aner Nervenzelle aktiv.

Wann dat beim Léiere méi dacks virkënnt, bilden déi betraffen Nervenzelle méi Kommunikatiounskanäl aus, an d’Signaler ginn och verstäerkt, sou datt d’Kommunikatioun méi einfach gëtt. D'Informatioun gëtt esou am Gehier ëmmer besser verankert - an du kanns dech méi liicht drun erënneren.

A wéi enger Form ginn d’Informatiounen dann am Gehier gespäichert?

Dat wëssen d’Fuerscher nach net genee! Si huelen un, datt duerch déi verstäerkte Kommunikatioun tëscht Gruppe vun Nervenzellen ee bestëmmten Aktivitéitsmuster entsteet. Dëst Muster gëtt dann duerch en externe Reiz – z.B. e Wuert, e Geroch, e Bild – erëm ausgeléist, a mir erënneren eis un d‘Informatioun.

Wéi kommunizéieren d’Zellen da mateneen?

D'Nervenzellen hu ganz laang Äerm. Des wuessen openeen zou, awer tëscht hinne bleift eng mini kleng Spléck. Dat ass d'Synaps. Wann d'Zell eng Informatioun verschafft, schëdden hir Synapsen chemesch Botestoffer aus. D'Nopeschzell erkennt des a kann d'Informatioun da verschaffen an a Form vun engem elektresche Signal weiderleeden.

A wéi heescht dann elo d’Haaptstad vun Usbekistan?

Taschkent. Wanns de der dat elo wëlls mierken, muss de dat kuerz an dacks widderhuelen, an dech am beschten dobäi nach ameséieren – da verhält een nämlech besonnesch gutt.

Auteur: scienceRELATIONS/Hannes Schlender
Editeur an Iwwersetzer : Michèle Weber (FNR)

Nach e puer Froen..

Léiere bedeit, datt ee Kenntnisser oder Fäegkeeten developpéiert. D'Haaptstied vun Europa, englesch Vokabelen oder Piano spillen zum Beispill. Fir sou eppes ze léieren, muss een d'Gediechtnes trainéieren - mat verschiddene Methoden. Déi Léiertechnik, déi am heefegsten ugewannt gëtt, ass sécherlech d'Widderhuelung vun der Matière. Schüler liesen a schwätzen ëmmer erëm Vokabele vun enger Lektioun, bis d'Wieder setzen. Pianosspiller üben ëmmer erëm déiselwecht Tounsequenz, bis d'Fanger se beherrschen.

Sou ginn Andréck aus dem Alldag awer natierlech net verschafft. Vill vun dësen Andréck ginn einfach direkt auszortéiert a komme guer net an eist Bewosstsinn eran. Géife mir all Auto dee laanscht fiert, all Wuert dat am Hannergrond geschwat gëtt bewosst realiséieren - eist Gehier wier eenzock total iwwerfuerdert. 

Fir d'Verschaffe vun Andréck aus dem Alldag spillt de Schlof, oder méi genee d'Dreemen, eng wichteg Roll. Wa mir schlofe, verschaffe mer d'Erliefnisser vum Dag. D'Gehier sënnert dat eraus, wat onwichteg erschéngt. An et festegt Erënnerungen, déi eis prägen. Vun der Mamm léif gedréckt ze ginn, genee sou wéi den éischte Kuss an de penibele Blackout virun der ganzer Schoulklass. Erënnerunge si fir d'Liewen.

Eist Gehier ka ganz ënnerschiddlech Zorte vun Informatioune späicheren: D'Passwuert fir den Online-Banking genee sou wéi d'Erënnerung un eng besonnesch schéi Gebuertsdagsparty oder d'Aart a Weis, wéi ee Schong stréckt. D'Passwuert gehéiert genee wéi d'Haaptstad vun Usbekistan oder den Datum vum Hochzäitsdag zu de Fakten. Fachleit schwätzen dovunner, datt Fakten am semantesche Gediechtnes ofgespäichert ginn. Dat sammelt eist Allgemengwëssen. Evenementer wéi déi gelonge Gebuertsdagsparty kommen dogéint an d'episodesch Gediechtnes. D'episodesch Gediechtnes späichert de Film vun eisem Liewen: Doranner ass jidderee fir sech säin eegene Kinosheld. Béid Zorte Gediechtnes, dat semantescht an dat episodesch, lokaliséieren d'Gehierfuerscher an der Hirnrinde, dem sougenannte Cortex.

Automatiséiert Fäegkeete wéi Schong strécken, Zänn wäschen oder Vëlofueren trieden an der Reegel net an eist Bewosstsinn. Mir beherrschen se einfach - an et fält eis schwéier, se a Wierder ze faassen. Schong strécken erkläert ee Kanner schliisslech net duerch Erklären, mee et mécht een hinnen et vir. Sou Fäegkeeten, awer och Ängschten a Gewunnechten, sinn am implizitte Gediechtnes gespäichert. Dat gräift zwar och op de Cortex zréck. Awer aner Deeler vum Gehier, wéi z.B. d'Kleinhirn, sinn awer och un de Leeschtunge vum implizitte Gediechtnes bedeelegt.

Déi dräi genannte Gediechtneszorte gehéieren zum Laangzäitgediechtnes. Dëst kann awer ouni d'Kuerzzäitgediechtnes net funktionéieren: An deem ginn Informatiounen opgeholl an tëschegespäichert. Entweder wanderen se da weider a bleiwen am Laangzäitgediechtnes. Oder mir vergiessen se gläich erëm. Zum Beispill d'Telefonsnummer, déi mir eis kuerz gemierkt hunn, fir se an den Handy anzetippen.

Infobox

De Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio eng Fro.

Quellen