3D-Printer

shotshop.com

3-D Drucker mat Plastik

Den 3-D Printer schéngt jo elo déi neitste Spillsaach an der Technologie ze sinn. Ech hunn héiere si wéilten esouguer an Zukunft domat Airbusflilleken just nach printen! Dat kann dach net sinn, oder?

Oh dach! D’Industrie benotzt schonn zënter 10 Joer 3-D Printere fir séier a präiswäert Prototypen hierzestellen. An der Tëschenzäit printen se och scho Stécker déi herno wierklech a Fligeren, Zich, Autoen, Rakéiten oder Mënschen agebaut ginn. Awer nach keng ganz Flilleken! Mee net well et onméiglech ass, mee well et nach kee sou grousse Printer gëtt!

Eng Sekonn...sooss du lo wierklech „an de Mënsch agebaut“??

Jo.Prothesen, eng kënschtlech Hëft,...

Wow, ok! Mee wéi  funktionéiert deen 3-D Printer dann? Ech ka mer dat guer net virstellen.

Ma e bëssen sou wéi däi Faarfprinter doheem! Mee anstatt dass e Faarf op e Blat sprëtzt, sprëtzt en eng ganz dënn Schicht Metall- oder Plastikpudder. E Laser oder en Elektronestraal erhëtzt déi Schicht da bis se schmëlzt. Op des Schicht gëtt eng 2t drop gesprëtzt, a sou gett da Schicht fir Schicht e Géigestand an d’Héicht gebaut.

Dat heescht wann ech sou en 3-D Printer doheem hätt, kéint ech mer zum Beispill nei Turnschlappe printen?

Am Prinzip schonn. Mee momentan kann een nach nach net matt alle Materialie printen. Deng Turnschlappe kinns de momentan just aus aus engem feste Stéck Plastik oder Metall maan, an ech  mengen dat ass zimlech onbequem!

Jo, mee sou 3-D Printeren sinn och bestëmmt net fir de Privatgebrauch gemaach.

Hmm, et weess een ni! D‘3-D Printere ginn awer ëmmer méi kompakt a bëlleg. Mee hautesdaags ass d’Virstellung dass jiddereen eng Kéier en 3-D Printer doheem huet nach grad esou onwahrscheinlech wéi d’Virstellung am Joer 1975 dass jiddereen eng Kéier e Computer doheem hätt. A kuck emol wat doraus ginn ass!

Text: Corinne Kroemmer
Foto: shotshop.com

Infobox

Mister Science op Eldoradio

All 2 Wochen beäntwert de Mister Science op Eldoradio är Froen.
Dës Fro gouf den 04/10/11 opgeholl

Scheck och deng Fro op: mister.science_at_fnr.lu

Firwat revolutionéiert den 3-D Printer d’Industrie ?

Aus enger ganzer Réi Grënn, hei sinn der e puer:

  • Normalerweis stellt een eppes hier andeems ee Material vun eppes Grousses ewechhëlt, sou wéi de Skulpteur zum Beispill eng Statue aus engem grousse Granitsblock erausschléit. Dat heescht dass vill Offall entsteet, an dat Material wat iwwerall erofgeschlo, geschnidden oder geschlaff gëtt, ka meeschtens net méi benotzt ginn. An der Industrie kennen esou bis zu 90% vum Material verluer goen.
    Mat engem 3-D Printer mécht ee genee d’Géigendeel: et schmëlzt een eenzel Pudderkären zesummen, an zwar nëmmen esou vill wéi ee brauch. An de Rescht vum Pudder ka weider benotzt ginn. Et huet een also 0% Offall! An an der Industrie heescht manner Offall manner Energie a manner Käschten.
  • Et kann ee komplizéiert Strukturen aus engem eenzegen Deel hierstellen. Et huet een also manner Aarbecht fir d’Deeler zesummen ze setzen. Oft sinn d’Verbindungen tëscht verschiddene Baudeeler och de Schwaachpunkt vun enger Struktur (wann eppes futti geet ass et oft op dëse Verbindungen). Et kann een eng Struktur also verstäerken andeems ee manner Eenzelstécker benotzt.
  • Et huet ee méi Spillraum fir Strukturen ze optimiséieren an doduerch zum Beispill den Energieverbrauch ze senken. Bei engem Fliger deen 1kg méi liicht ass  spuert ee bis zu 3.000$ duerch de Kerosinverbrauch: dat sinn 100.000$ an 30 Joer, dem normalen Alter vun engem Fliger.
  • Fuerschung iwwert d’Grenzen eraus

    Op den Universitéite vu Lausanne a Basel benotzen eng ganz Réi Fuerschungsequipen 3-D Printeren fir biomimetesch Strukturen hirzestellen. Op Mikro- oder Nanokanäl, extrem dënn Uewerflächen oder ganz reng Strukturen: den 3-D Printer kritt et hin!  Sou huet zum Beispill eng Fuerschungsequipe zu Basel eng Schankprothes konnten hierstellen déi, genee wéi eis richteg Schanken, Nanokanäl huet duerch déi d’Zelle kenne wanderen. Doduerch gëtt eng nei Prothes perfekt vum Kierper integréiert an ass grad esou stabil wéi eng richteg Schank.

    Fuerschung zu Lëtzebuerg

    Ouni Materialfuerschung huet den Asatz vun 3-D Printeren an der Industrie natierlech kee Sënn. Fir d’Stabilitéit an d’Sécherheet vu geprinten Deeler ze garantéieren, mussen d’Atom – an d’Uwerflächestruktur genee analyséiert ginn. De Cluster fir Materialfuerschung zu Lëtzebuerg ass dofir bekannt fir ëmmer néi Materialien hierzestellen an ze analyséieren. Ouni esou Fuerschungsprojeten hätt den 3-D Printer keng Zukunft.

    Auch in dieser Rubrik

    Scharchen
    Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

    Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

    FNR
    Fettige Haare
    Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

    Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

    FNR
    Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

    Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

    FNR