Jo, de saueren Reen gëtt et och haut nach – och wann sech de Problem zanter de 90er Joren Richtung Asien verlagert huet (3 a 4). Iwwerdeems déi westlech Industrienatiounen verschidde Moosnamen géint d’Loftverschmotzung effektiv ëmgesat hunn, blosen haut z.B: indesch Kuelekraaftwierker a Stolwierker verstäerkt Schwiefeldioxid an Stéckoxider an d’Loft. (5)

An dodraus gëtt dann de saueren Reen?

Genee. D’Schwiefeloxider an Stéckoxider, Gasen, déi virun allem bei der Verbrennung vu Kuelen an Äerduellech entstinn verbannen sech mat de Waasserdrëpsen an der Loft – doran entsteet Schwiefel- an Salpéitersaier - an dës Drëpsen falen dann als sauere Reen op d’Äerd. Dat ass scho méi laang bekannt. Schon Mëtt vum 19 Jorhonnert huet de Robert Angus Smith, e Chemiker aus Schottland, d’Reewaasser ëm d’Industriestied aus senger Heemecht ënnersicht an de Begrëff agefouert (2).

Wéi extrem d’Auswierkungen vum sauere Reen kënne sinn, huet sech am vergaangen Jorhonnert am Erzgebirge gewisen e Gebidd wat un der däitsch-tschecher Grenz verleeft. Do hunn an de 60er a 70er Joren gespenstesch Bëscher aus ofgestuerwenen Fiichten d’Landschaft markéiert. Et sinn awer och stenge Gebaier an Konstruktiounen aus Metall déi leiden.

Dobäi ass de sauere Reen guer kee neie Phänomen aus eiser Zäit: Vulkanausbréch, Asteroidenaschléi oder Blëtzer loossen den Reen schonn zanter der Entstoung vun der Äerd sauer ginn. Réischt während der Industrialiséierung ass de Mënsch den Haaptschëllegen fir de sauere Reen ginn.

A wéi gutt hu mer de Problem dann elo an Europa am Grëff?

Ufank vun den 80er Joren huet Europa, Nordamerika an déi deemoleg Sowietunioun am Genfer Lofterhalungsofkommes nët nëmme Grenzwäerter, mee och verschidde Géigemoosnamen décidéiert. Zanterhier gëtt Schwefeldioxid aus den Verbrennungsgasen eraus geholl an z.B: als Gips laangfristeg gebonnen.

Bei dem Bensinn an Diesel gëtt de Schwiefel scho virun der Verbrennung, nämlech an der Raffinerie erausgeholl. Méi spéit koumen Regulatiounen fir d’Stéckoxider ze limitéieren. Zesummen hunn dës Moossnamen hier Wierkung gewisen. Op mannst an Europa ass et dohier roueg ëm d’Thema sauere Reen ginn.

Dann ass jo alles gutt oder?

Nët wierklech. Och hei am Land sinn d’Suiten méi laangfristeg. D’Saieren maachen de Biedem et nach ëmmer schwéier. Wéi déi sech regeneréieren an wéi de Mënsch hei am effektiivsten agéieren kéint ass nach bis haut eng vun deenen héisch aktuelle Froen. D’Fuerschung bleift also nach wichteg a spannend.

Wat ass de sauere Reen?

Waasser ass per Definitioun weder sauer nach basesch, well mam pH Wert vu 7 gouf déi neutral Mëtt festgeluecht. Am Waasser geléiste Stoffer kënnen et awer sauer oder basesch gi loossen. An der Atmosphär suergt virun allem de Kuelendioxid dofir, datt dat natierlecht Reewaasser liicht sauer ass. Säi pH- Wärt läit normalerweis tëscht 5.5 an 5.7. Dat ass sou wéi den Téi oder de natierleche Schutzfilm vun eiser Haust. Et sinn awer och aner Stoffer wéi Schwiefeldioxid a Stéckoxider aus den Ofgasen déi sech an de Waasserdrëpsen an der Atmosphär léisen. D’Resultat: Schwiefelsaier an Salpéitersaier drécken de pH- deelweis bis op 4,2. Dee Moment ass de Reen sou sauer wéi Wäin. An dat geet duer fir Kalleksteen opzeléisen. Et verännert och déi natierlech Zesummesetzung vun de Biedem. Dës verléieren Nährstoffer a gläichzäiteg gi Schwéiermetaller erausgeliest. Zesummen setzt dat d’Beem därmoossen ënner Stress datt dës groussflächeg ofstierwen. (6)

Äerdgeschicht – wéini de Reen richteg sauer war.

Wëssenschaftler mengen datt de sauere Reen an de Kannerdeeg vun der Äerd éischter d’Regel wéi d’Ausnam war. Hier Theorie: Den extrem héijen Kuelendioxidundeel an der Atmosphär huet sech mam Waasser zu Kuelesaier verbonnen an huet déi éischt 500 Milliounen Joer all Steng déi nei entstan sinn direkt rëm verwittere geloos. (7) Méi spéit hunn du Vulkanausbréch an Asteroidenaschléi och grouss Quantitéiten Schwiefel an d’Atmosphär geblosen, déi als méi aggressiv Schwiefelsaier erofgereent ass. (8) Stéckoxider, déi duerch d’Hëtzt vu Blëtzer an der Loft entstinn (9), verbannen sech zu der Saltpéitersaier. Erdgeschichtlech wierklech Nei ass, datt de Mënsch zanter dem Ufank vun der Industrialiséierung d’Substanzen déi Saieren bilden exzessiv an d‘Ëmwelt fräigëtt an de saueren Reen domat quasi hausgemaach ass.  

Auteur: scienceRELATIONS/Kai Dürfeld
Iwwersetzung an Editioun: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Quellen

(1) http://daten.didaktikchemie.uni-bayreuth.de/umat/saurer_regen/saurer_regen.htm

(2) https://www.livescience.com/63065-acid-rain.html

(3) Meehye Lee, Zafar Adeel: Managing air pollution problems in Korea. In: Zafar Adeel (Hrsg.): East Asian experience in environmental governance: Response in a rapidly Developing region. United Nations Univ. Press, 2003.

(4) Reinhard Drifte: Transboundary Pollution as an Issue in Northeast Asian Regional Politics. In: Klaus Vollmer (Hrsg.): Ökologie und Umweltpolitik in Japan und Ostasien. Transnationale Perspektiven. Iudicium. München 2006, S. 65–84.

(5) https://acp.copernicus.org/articles/16/4605/2016/

(6) Kai Dürfeld: Medizin für den Wald – Mit Kalk gegen die Spuren der Vergangenheit. In: Sachsenforst (Hrsg.): Geschäftsbericht 2018. Dresden 2019, S. 30 – 35. Online: https://publikationen.sachsen.de/bdb/artikel/34643

(7) https://news.wisc.edu/ancient-mineral-shows-early-earth-climate-tough-on-continents/

(8) https://www.nature.com/articles/ngeo2095?message-global=remove

(9) https://agupubs.onlinelibrary.wiley.com/doi/abs/10.1029/96JD03504

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Schnapp & Co. Kann ee sech duerch Keelt erkalen?

Firwat hu mir eigentlech meeschtens am Wanter de Schnapp? Ass et wéinst der Keelt datt een sech méi liicht erkaalt? Mr S...

FNR
Journée mondiale de la météorologie 2019 Le Soleil, la Terre et le temps

Le 23 mars, les services météorologiques nationaux de tous les pays du Monde mettent en avant leur travail quotidien. Qu...

Wettervorhersage Was ein Kiefernzapfen über das Wetter sagen kann

Vergiss Wetterhahn und Wetterfrosch: Hier kommt der Wetterkiefernzapfen. Eine einfache Montur, die einem erlaubt, Regen...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR