Zemools d’Frae verdanken dem Wallace Carothers vill! Hien ass nämlech den Erfinder vum Nylon, an doduerch och de Papp vun den Nylon’s Strëmp.

Hie selwer huet awer net méi materlieft wéi en de Fraen hiert Liewe vereinfacht huet: hien huet sech nämlech kuerz no der Entwécklung vum Nylon ëmbruecht, nach ier iwwerhaapt een d’Stréckmuster fir d’Strëmp erfonnt hat.

D’Firma Du Pont de Nemours hat d’Iddi fir e synthetesche Fuedem ze entwéckele fir d’Seid ze ersetzen. D’natierlech Seid gëtt nämlech vu Raupen hiergestallt an duerch politesch Reiwungen gouf den Import aus China ëmmer méi komplizéiert an deier. En plus ware seide Strëmp empfindlech an hunn net laang gehal. Et loung also op der Hand fir e resistente, bëllegen Ersatz ze fannen, wat dem Carothers och gelongen ass.

Nieft dem Nylon huet hien iwwregens och Neopren entwéckelt.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR