
(c) Pixabay
Eis Autoe sinn hautdesdaags ganz aerodynamesch gebaut fir dass se sou man ewéi méiglech vun der Loft gebremst ginn.
Jo dat ass wierklech esou! Mä et geet net ëmmer, et musse verschidde physikalesch Kräfte genee am Gläichgewiicht sinn.
Ma wéi funktionéiert dat dann ?
Eis Autoe sinn hautdesdaags ganz aerodynamesch gebaut fir dass se sou man ewéi méiglech vun der Loft gebremst ginn. Wann’s de genee kucks da mierks de dass eis Autoen effektiv iwwerall ofgeronnt fir dass d’Loft schéi rondrëm den Auto ka fléissen.
De Reen ënnerläit jo der Schwéierkraaft, normalerweis fält en also riicht erof. Mä mir hu jo schonn all gesinn dass de Reen an engem Stuerm vun alle Säiten kennt. D’Reendrëpse ginn also vum Loftstrom matgerappt. Wann’s de séier genuch fiers, sou mat 90-100 km/h, da fléien se souzesoen iwwert den Auto ewech, mat oder ouni Daach!
Cool, geet dat da mat all Auto?
Net grad! Et hänkt dervun of wéi aerodynamesch däin Auto ass. Du hues dach och bestëmmt schon Leit am Kabrio gesinn déi d’Hoer komplett zerzauselt haten. Ma déi giffe gutt naass gi wann se décapotabel giffen duerch de Reen fueren. Mä do kanns de awer e speziellt Netz hannert de Sëtz klemmen, dat bremst d’Loftturbulenzen an da kanns de och am Reen ouni Daach fueren.
Wow, dat heescht wann ech en aerodynameschen Auto hun kann ech ëmmer décapotabel fueren…?
Soen mer sou, wanns de grad op der Autobunn bass an et fänkt un matt reenen, brauchs de keng Vollbremsung ze maachen fir den Daach zouzemaen. Mä du däerfs net vergiessen dass et ëmmer eng Fro vun der Vitesse ass, soubals de zefill op d’Brems gees kriss de deng Dusch awer!
Text: Corinne Kroemmer
Foto: Pixabay