« VELCRO »: D’Mark ass weltbekannt an a ville Länner gëtt Velcro als Begrëff fir e Ritschratsch benotzt, obwuel hiert Patent an der Tëschenzäit ofgelaf ass, an och aner Firme Ritschratsche produzéieren. 

Op engem Spadséiergank huet de Georges de Mestral gemierkt dass Klette, also déi horeg Planzebullen fantastesch gutt u Kleeder hänke bleiwen. E Bléck duerch de Mikroskop huet em verroden, dass d’Klette Kreep op der Uewerfläch hunn, déi an de renge Fiedem vun eise Kleeder hänke bleiwen. An der Natur gesäit dat jo ganz einfach aus, mee et huet 8 Joer gedauert bis hie mat Hëllef vun Infrarout-Strahlen Nylon genee esou konnt formen, dass en op där enger Säit Kreep an op där aner Säit kleng Fiedem huet.

Den Numm “Velcro” kennt eigentlech vu “Velours” a “Crochet”. Obwuel den de Mestral zimlech séier vu der Seid op de Nylon ëmgeklommen ass, ass den Numm iergendwéi hänke bliwwen … ausser bei eis wou eng Ritschratsch ëmmer nach eng Ritschratsch ass.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Technik am Alldag Kann een op enger Induktiounskachplack en Handy oplueden?

Induktiounskachplack a Chargeuren ouni Kabel iwwerdroen alle béid Energie. Trotzdeem kann een op der Kachplack kee Smartphone oplueden. Well hir Technik ënnerscheet sech grondsätzlech.

FNR
sperm and egg cell
Reproduktiounsbiologie Gewënnt bei der Befruchtung wierklech de séierste Spermium?

Vill Leit stelle sech d'Befruchtung vun der Eezell wéi eng Course vir: Dee séierste Spermium gewënnt. Mee eigentlech ass et en Hindernisparcours, bei deem de weibleche Kierper d'Reegele mat bestëmmt....

FNR