Michèle Weber (FNR)

Material

  • Eng Schmier (mat Botter, Gebeess, Schoklasbotter,…)
  • En Dësch
  • Zeitungspabeier fir op de Buedem
  • Fir erweidert Experimenter: en Teller an e Buch.

Duerchféierung

Fir Sauerei um Buedem ze vermeiden, breet e bëssen Zeitungspabeier um Buedem ënnert dem Dësch aus. Maach dann eng dënn Couche Botter op deng Schmier a lee se mat der Bottersäit no uewen op den Dësch. Schubs se da lues vum Dësch erof a kuck op d’Schmier mat der Bottersäit no uewen oder no ënnen um Buedem lant. Widderhuel d’Experiment mindestens dräi mol (et kann een ëmmer déiselwecht Schmier benotzen). Wéi dacks lant d’Schmier mat der Bottersäit no uewen a wéi dacks mat der Bottersäit no ënnen?

Erklärung

D’Schmier lant bei dësem Experiment meeschtens mat der Bottersäit no ënnen. Et ass egal ob Botter oder Gebeess oder Schoklasbotter op der Schmier ass, an et ass och egal wéi vill. Et kann een datselwecht Experiment nämlech och mat engem Buch maachen (gëtt och manner Sauerei…): d’Buch lant ëmmer mam ieweschte Buchdeckel no ënnen um Buedem.

Den Haaptgrond ass d’Héicht vum Dësch: wann d’Schmier vum Dësch eroffält kippt se a fänkt un sech ze dréien. Si huet awer um Wee no ënne just Zäit fir eng hallef Ëmdréiung a lant dofir meeschtens mat der Bottersäit no ënnen um Buedem.

Datselwecht trëfft zou, wann eng Persoun mat engem Teller an der Hand bei den Dësch geet an d’Schmier um Wee dohin vum Teller eroffält. Och hei ass d’Héicht entscheedend: d’Schmier ka keng ganz Ëmdréiung maachen a lant an der Reegel mat der Bottersäit no ënnen.

Erweidert Experimenter

Fir ze testen, ob d’Héicht eng Roll spillt kann een d’Schmier op en Teller leeën, den Teller iwwert de Kapp halen a vun do erof fale loossen. Bei engem Erwuessene fält d’Schmier dann aus enger Héicht vun ongeféier zwee Meter op de Buedem. An deem Fall huet se eventuell genuch Zäit eng ganz Ëmdréiung ze maachen a kann och mat der Bottersäit no uewe landen.

Wat nach eng wichteg Roll spillt ass d’Vitesse mat där d’Schmier vum Dësch erofgeschubst gëtt. Wann een d’Schmier mat méi Schmackes vum Dësch schubst, flitt se mat méi héijer Vitesse vum Dësch a bleift sou méi laang an der Horizontaler, éier se op de Buedem fält. Do ass et da méi warscheinlech dat se net ufänkt sech ze dréien a mat der Bottersäit no uewe lant.

Och d’Gréisst vun der Schmier spillt eng Roll: probéier se mol a méi kleng Stécker ze schneiden an da vum Dësch falen ze loossen. Méi kleng Stécker dréien sech méi séier, a kënnen dofir och eng ganz Ëmdréiung packen a mat der Bottersäit no uewe landen.

Dëst Experiment krut en Ig-Nobelpräis

De Physiker Robert Matthews huet dëse Phänomen méi genee ënnert d’Lupp geholl. Och hien huet festgestallt, datt eng Botterschmier meeschtens mat der Bottersäit no ënnen um Buedem lant.

Hien huet seng Resultater mat enger wëssenschaftlecher Erklärung an engem Fachartikel verëffentlecht a gouf dofir souguer mat engem Ig-Nobelpräis ausgezeechent. Anescht wéi déi richteg Nobelpräisser zeechent en Ig-Nobelpräis Fuerschung aus, déi d’Leit fir d’éischt zum Laachen an dann zum Nodenke bréngt.

Dee selwechte Phänomen ass iwwregens och responsabel dofir datt e Smartphone dee vum Dësch fält och meeschtens mam Ecran no ënnen um Buedem lant.

Auteur: Michèle Weber (FNR)

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR