FNR

Material 

  • Eng Käerz 
  • Eng ronn Fläsch (z.B. eng Wäifläsch) 
  • Fixfeier oder e Briquet 

Sécherheet 

Wéinst der Flam solle méi jonk Kanner des Experiment zesumme mat engem Erwuessene maachen. 

Duerchféierung 

Stell eng Fläsch (z.B. Wäifläsch oder Waasserfläsch) op en Dësch a stell direkt hannert d’Fläsch eng Käerz. Fänk d’Käerz un, an da blos ongeféier op Héicht vun der Flam vu vir op d’Fläsch. D’Flam misst ausgoen, obwuel se hannert der Fläsch steet op déi’s Du bléis. 

Prinzip 

Dëse klengen Trick ass méiglech duerch de sougenannte Coanda-Effekt. Wa Loft op eng gekrëmmten Uewerfläch trëfft wéi z.B. déi vun eiser Fläsch, huet se d’Tendenz sech no un där Surface ze beweegen, respektiv un där Surface „pechen“ ze bleiwen. Sou beweegt d’Loft an dësem Experiment sech komplett ronderëm déi zwou Säite vun der Fläsch an trëfft hannendrun erëm openeen op d’Flam vun der Käerz – a bléist des aus. 

Alldag 

De Coanda-Effekt – wéi och de Bernouilli-Effekt – droen ënner anerem dozou bäi datt Fligere fléie kënnen. Duerch déi speziell Form vun de Flilleke gëtt de Loftstroum geleet an de Coanda-Effekt gëtt genotzt, fir den Opdriff ze erhéijen deen hëlleft de Fliger an der Loft ze halen. 

An ass Eech och scho mol opgefall, wéi eng Form Autoen hunn? Déi si meeschtens schéi ronn geformt fir datt d’Loft gutt laanscht ze stréime kann an sou méiglechst wéineg Loftwidderstand entsteet. Sou brauch den Auto vill manner Energie fir séier ze fueren. 

Tipps 

Probéier d’Experiment och mat z.B. enger (klenger) Këscht virun der Käerz oder anere Géigestänn déi eng aner Form hu wéi d’Fläsch. Woumat funktionéiert et, woumat net, a weess De firwat? 

Text: Michèle Weber (FNR) 
Video: Gideon Gießelmann (FNR)