RTL, Media4All, FNR

De Video aus dem PISA Magazin op RTL Telé Lëtzebuerg.

Den Hollänner Wim Hof ass bekannt fir seng Rekorder an der Keelt. Hien huet eng eege Method entwéckelt déi op 3 Pilieren opbaut: Otemübungen, Keelt, an Ausdauer. Wann ee reegelméisseg seng Otemübunge praktizéiert an och a kal Bieder klëmmt, soll dëst sengem Kierper senger physescher a mentaler Gesondheet vill Virdeeler bréngen. De Wim Hof selwer huet bei enger ganzer Rei wëssenschaftlecher Studien matgemaach an et schéngt wéi wann hie säin zentraalt Nerven- an Immunsystem kéint steieren. Et ginn och aner Studien zu senger oder änleche Methoden, déi et erlaben e puer vun de Behaaptungen an 3 Kategorien ze sortéieren.   

Wahrscheinlech  

Méiglech  

Kee Beweis 

Stärkung Immunsystem (Kuerzzäiteg) 

Energie (schwéier ze moossen) 

Immunsystem (laang Zäit) 

Mental Gesondheet 

Récupératioun nom Sport 

Méi Leeschtung beim Sport 

Stress Kontroll 

Konzentratioun 

Kreativitéit 

Bessere Schlof 

 

 

Wëllenskraaft 

 

 

Keeltresistenz 

 

 

Source: Dr Rohin Francis

Ausserdeem ginn nach vill Krankheeten zitéiert bei deenen d’Wim Hof-Method hëllefe soll. 

Firwat d’Wëssenschaft an dësem Fall keng kloer Aussoe mécht 

Generell ass et schwéier kloer kausal Zesummenhäng tëscht sougenannte “Lifestyle” Methoden an méigleche gesondheetlechen Effeten ze maachen, well all Mënsch verschidden ass a och vu ganz verschiddene Ëmweltaflëss ëmginn ass. Studien zu dem Thema kënnen och ni honnertprozenteg neutral sinn, well d’Probanden egal wéi ëmmer wëssen op si d’Wim-Hof- Method applizéieren oder eben net. 

Engersäits ass d’Method einfach, a virun allem d’Erfarungsberichter ganz villverspriechend, mee anerersäits ass d’Iwwerwannung fir sech ënner eng kal Dusch ze stellen oder an eng äiskal Bidden ze klammen och fir muncher Een immens grouss. De Jean-Paul-Bertemes (FNR) an de Mr Science hunn sech dofir Hëllef vun de Wim Hof-Coachen Séverine a Giorgio geholl. 

D’Method an de Selbsttest  

De Jean-Paul-Bertemes (FNR) an de Mr Science hunn d’Method wärend 4 Wochen u sech selwer getest a wollten erausfanne wéi eng vun de Behaaptunge fir si zoutreffen. Ausserdeem wollten si mat enger Blutt- an Urinprouf iwwerpréiwen op d’ Method schonn no engem knappe Mount en Afloss op Blutt- an Urinwerter huet oder net. 

Ugefaangen hunn si mat kal Duschen: No der normaler Dusch benetzt ee just eng Hallschent vum Kierper an dréint dann op kal. Wichteg ass datt een sech just op e rouegt Ausootme konzentréiert. No an no killt een dann de Rescht vum Kierper of. All Dag soll een e bësse méi laang kal duschen. 

Beim kale Bueden, klëmmt een ouni ze zécken eran a konzentréiert sech och rëm just op d’Ausootmen. Et leed een dobäi am Kapp eng Zort Hiewel ëm, deen engem hëlleft, sech an enger extremer Stresssituatioun trotzdeem ze entspanen. 2-3 Minutten am kale Waasser sinn optimal fir datt de Kierper net ze vill ofkillt. Nom Bad muss een sech opwiermen: mat gezielten net ze hektesche Muskelbeweegungen. Déi baussecht Bluttgefäässer solle lues duerch d’Muskelen opgewiermt gi fir datt et net zu engem Kreeslafkollaps kënnt. Direkt waarm duschen, soll een op kee Fall. 

Zousätzlech zu dem Äisbueden hu si, wann och manner reegelméisseg, d’Wim Hof Otemübungen gemaach. Dës bestinn aus engem kontrolléierten Hyperventiléieren an duerno d’Loft unhalen. 

Hannergrond 

Dat déif a séiert An- an Ausootmen, an och d’Loft Unhale setzt de Kierper (seng Zellen) ënner Stress an doduerch gëtt Adrenalin fräigesat. Duerch dat kontrolléiert Hyperventiléieren, provozéiert een eng Alkalose am Kierper. De pH Wäert vum am Blutt klëmmt liicht, well ee méi CO2 wéi normal aus de Longen, an domat aus dem Blutt evakuéiert (CO2 bild a Flëssegkeete Kuelesaier, a mécht se domatt liicht sauer). Beim Loft Unhale steigt den CO2 am Blutt nees un. Et kann een awer den Otem méi laang wéi soss unhalen, well den Otemreflex och réischt bei engem gewësse CO2-Schwellewert ausgeléist gëtt. Dësen erreecht een awer méi spéit well ee bei engem déiwen CO2 Taux ugefaangen huet. Dës kontrolléiert Stresssituatioune sollen de Kierper trainéiere fir besser mat Stresssituatiounen eens ze ginn. 

Änlech wéi beim Ootmen, ass och bei der Keelt: Si bewierkt e Stress fir de Kierper un deen een sech winnt, an deen ee méi resistent mécht. D’kal Bueden bewierkt datt souwuel méi wäiss Bluttkierpercher, wéi och méi Immunglobulinen (Antikierper) gebilt solle ginn. D’Keelt soll de Metabolismus acceleréieren, Entzündunge reduzéieren a midd Muskele solle méi séier regeneréieren. 

Resultater 

D’Dauer an d’Unzuel u Leit beim Selbstversuch si net duergaange fir eng kloer Aussoen ze maachen. De Blutt- an den Urintest hu keng eendeiteg Tendenz gewisen. De Fait datt an de kalen Hierscht- a Wanterméint d’Immunsystem souwisou permanent gechallengt gëtt, mécht eng Beobachtung vu Lifestyle Changementer ganz schwiereg. Op perséinlechem Niveau waren dës awer duerchaus bemierkenswäert. Virun allem schéngt d’Energie an d’Motivatioun fir an den Dag ze starte bei deenen 2 Probande méi héich. De Fait datt ee scho Moies iwwerwënnt eppes quasi Onmënschleches ze maachen,  gëtt engem d’Gefill, datt een deen Dag alles packt. Béid Probande sinn net duerch d’Äisbuede krank ginn, och wann et hinnen heiansdo schwéier gefall ass sech richteg opzewiermen. 

Auteur:  Joseph Rodesch (FNR) , Jean-Paul Bertemes (FNR)
Produktioun: RTL, Media4all
Merci: Séverine an Giorgio (b-you.lu), Marie-France Fassotte-Steinmetz an Dr Agnès Collet (Laboratoires réunies), Julieta Fernandez 

Diffiusiounsdatum: 14/11/2021

Infobox

PISA - De Wëssensmagazin

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Télé fir d'Emissioun Pisa Wëssensmagazin produzéiert. D'Sendung kënnt eemol de Mount Sonndes ab 19:00 op RTL Télé Lëtzebuerg. Déi ganz Sendung fënns de op pisa.rtl.lu.