FNR

Mr Science misst Vitamin-C im Labor

Paprika ass dat Geméis mam meeschte Vitamin C. An enger Kiche laueren awer e ganze Koup Feinden, déi de Vitamin C, an och déi aner Vitaminne futti kréien. De Mr Science huet an engem Experiment matt Schüler aus dem LNW  probéiert erauszefannen, wéi eng geleefeg Zoubereedungsmethod am meeschte Vitamin C am Paprika futti maachen. Et ass relativ einfach dëst Experiment selwer nozemaachen.

Opgepasst: Wéinst e puer Geforen (cf. Abschnitt „Geforen“) solle kleng Kanner dëst Experiment zesumme mat engem Erwuessenen duerchféieren.

Material

  • Een Uebst oder Geméis (z.B. Paprika)
  • Messer
  • Briet
  • Sift
  • 3 duerchsiichteg Becheren (20 cl)
  • Wo
  • Mörser
  • Waasser
  • klenge Läffel
  • Iessläffel
  • Stäerkt (Maizena oder Gromperestäerkt)
  • Moossbecher
  • Iodléisung (aus der Apdikt)

Duerchféierung

Folgend Vitaminkillermethode kënne getest ginn:

  • Am Waasser kachen (15 min)
  • E Smoothie mixen an eng Stonn stoe loossen.
  • Frittéiere bei 180 °C (5 min)
  • Dampfgarer (10 min)
  • Mikrowell (2 min)
  • Afréieren an entdeeën (iwwer 3 Deeg)
  • All Experiment gëtt e puer Mol duerchgefouert an d’Resultater jeeweils matt frëschem Paprika verglach.

Methode:

  1. 2 Iessläffele Stäerkt am Becher an 100 ml kache Waasser opléisen an duerno ofkille loossen.
  2. +/- 10 g vum frëschen Uebst/Geméis reng schneiden an duerno zermörseren. Op der Wo dat geneet Gewiicht moossen an opschreiwen.
  3. Am 2te Becher de Bräi an 100 ml Waasser opléisen an 1 Minutt réieren
  4. duerch e Sift an en 3te Becher filtréieren.
  5. 1 Iessläffel Stäerktléisung dobäi ginn
  6. Drëpseweis d’Iodléisung dobäi ginn an dobäi ëmmer réieren. D‘Drëpsen zielen!!!
  7. Wann d’Léisung sech net méi entfiewt dann ass kee Vitamin C méi dran. Schreiwt Zuel vun den Drëpsen op!
  8. Duerno de selwechte Versuch (Punkt 2-6) matt dem preparéiertem Uebst/Geméis nach emol duerchféieren.

Opgepasst!! D’Uebst/Geméis virun der Manipulatioun ofweien!

Rechnung

Gewiicht vum réien Uebst/Geméis: m=
Unzuel Drëpsen Iod: Z=
Gewiicht vum manipuléierten Uebst/Geméis: m(1)=
Unzuel Drëpsen: Z(1)=
Wéi vill Vitamin C ass verluer gaang?: (m(1)∙Z-m∙Z(1))/(m∙Z(1) )∙100=⋯%

Prinzip

Iod reagéiert matt Stäerkt. Wann een eng Drëps Iod an eng Léisung aus Waasser a Stäerkt gëtt entsteet duerch eng chemesch Reaktioun eng déif blo Faarf. De Iod reagéiert och mam Vitamin C an zwar méi séier wéi matt der Stäerkt mee et entsteet keng Faarf.

Wann een elo e Glas matt Iod a matt Vitamin C huet, da reagéiert de Iod als éischt mam Vitamin C a gëtt dowéinst och net direkt blo. Réischt wann de ganze Vitamin C opgebraucht ass, gesi mer e Faarwwiessel well de Iod dann un d’Stäerkt geet. Wat een also méi Vitamin C am Glas huet wat ee méi Iod muss dran drëpse fir dass d’Léisung blo gëtt.

Tipps

Dës Method funktionéiert just bei Uebst a Geméis wat sech am réien Zoustand och gutt zerklengere léist. Planze wéi Spackelter a Sanddorn hu, streng geholl, nach méi Vitamin C wéi Paprika, mee dës ginn net an deene selwechte Quantitéite consomméiert. D’Mr Science Experiment gouf dofir matt Paprika duerchgefouert well dësen sech einfach am réien, wéi am gekachten Zoustand manipuléiere léisst. Säi Vitamin C Gehalt läit ëm 140 mg pro 100g Fruucht.

Bei Brokkoli oder Gromperen si schwiereg mechanesch ze zerklengeren an erlabe keng genee Vitamin C- Bestëmmung am réien Zoustand.

Geforen

Um kachende Waasser a Frittefett kann een sech liicht verbrennen, a beim Zerschneide vum Geméis kann een sech och mam Messer verletzen. Méi kleng Kanner sollen dëst Experiment dofir zesumme mat engem Erwuessenen duerchféieren.

Mr Science Experiment

Hei kënnt dir de Video vum Mr Science sengem Experiment kucken. Mir wëllen drop hiweisen, dass dëst keng wëssenschaftlech Studie war. Verschidde wëssenschaftlech Studien zum Thema  kommen awer zu ähnleche Conclusiounen.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
 

Infobox

Weider liesen

 

E weidere Video a méi genee Informatioune fannt dir um Site vum Global Experiment 2013 vun der Royal Society of Chemistry.

 

Quellen

 

Effect of cooking on the antioxidant properties of coloured peppers Ai Mey Chuaha, Ya-Chi Leeb, Tomoko Yamaguchic, Hitoshi Takamurac, Li-Jun Yine, Teruyoshi Matobac.

 

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik