(c) shotshop.com

Propper a wäiss Zänn, frëschen Otem a gesond Zännfleesch – Zahnpasta as schonn eng praktesch Saach! Wat stécht eigentlech vu Fuerschung an der Zahnpasta?

Déi éischt Zahnpastaen waren iwwerhaapt keng Paste mee en Polver. Réischt duerch den Zousaz vu Glyzerin ass aus dem Polver dunn eng Crème ginn, a fir dass des net ausdreschent gouf se an Tuben verpaakt.

An duerch d’Zahnpasta haten d’Leit kee Karies méi?

Ma dach! Bis zu dësem Zäitpunkt hunn d’Zahnpastaen d’Zänn nämlech just gebotzt an net geschützt. Et huet nach e bëssi misse gefuerscht gi bis dunn Fluorid an Zahnpasta komm ass. Duerch de Fluorid ënnerstëtzt d’Zahnpasta net nëmme méi d’Schruppe vun der Zännbiischt mee se stäerkt a schützt d’Zänn viru Karies.

A säit wéini gëtt et dann Zahnpasta?

Zahnpasta gëtt et scho ganz laang. Scho 5000BC sollen d’Ägypter eng Aart Zahnpasta aus Äsche vun Hufen an Eeërschuele benotzt hunn fir d’Zänn ze botzen. Saithier goufe vill verschidde Rezepter vun Zahnpastaen ausprobéiert an 1800 koum d’Zahnpasta a Masseproduktioun.

Wéi geet et weider mat der Zahnpasta-Fuerschung?

Fuerscher hunn z.B. eng Zahnpasta mat klenge chemesche Kugelen entwéckelt déi sech am Mond opléisen. Si léisen Téi a Roudwain Verfierwungen aus den Zänn a leeën sech wi en Film driwwer; de Knascht pärelt dann einfach of. Des weidere schaffe Fuerscher ëmmer nees drun, fir verschidde Substanzen optimal mateneen ze kombinéieren. Nanotechnologie wäert och eng ëmmer méi grouss Roll an Zukunft spillen.

Dat heescht et geet ëmmer vier mat der Fuerschung!

Jo, dat ass jo dat spannend…

Auteur: Sophie Steinmetz
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Photo: shotshop.com

Infobox

Mr Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert engem Objet aus dem Alldag stécht.

 

Auch in dieser Rubrik

Gesondheet vun der Fra Wat ass Endometriose a wéi kann ee se behandelen?

Ongeféier all zéngt Fra am gebärfäegen Alter leit ënner dëser chronescher Krankheet, déi mat vill Péng verbonnen ass. Detailer zu Symptomer, Ursaachen, Diagnos, Behandlungsoptiounen a Fuerschung.

FNR
PISA Summerchallenge 2025 Mam Buedbidden-U-Boot duerch de Baggerweier

Den neie Pisa Summerchallenge ass en Experiment mat villen Erausfuerderungen! Eng Geschicht iwwer Courage, net opginn a Sauerstoffmangel.

FNR
Mullen
Et kënnt op den “r” un Firwat fänkt d'Mullesaison am September un?

Am Hierscht sti se nees an de Restauranten op der Kaart: Mullen. Mä firwat kommen d'Muschelen op ville Plazen am September nees op den Dësch?

FNR