
shotshop.com
Momentan sinn ongeféierer 25 Milliarden Euro-Schäiner an Ëmlaf, déi zesumme mat den Euro-Mënzen e Wäert vu ronn 1.3 Billiounen Euro hunn.
Fir dat ze beäntwerten, muss een sech fir d’éischt mol virun Ae féieren, wat ee mat Sue mengt. Wann et ëm Boergeld geet, dann ass d’Äntwert einfach: Momentan sinn ongeféierer 25 Milliarden Euro-Schäiner an Ëmlaf, déi zesumme mat den Euro-Mënzen e Wäert vu ronn 1.3 Billiounen Euro hunn. Ronn een Drëttel dovu sinn ausserhalb vum Euroraum stockéiert. Wann een dësen Deel ofzitt, bleiwen also ëm déi 850 Milliarden Euro fir déi 340 Millioun Awunner vun der Eurozon, an da mécht 2500 € Boergeld op de Kapp.
Awer déi meeschte Suen huet een an der Reegel net als Boergeld am Portmonni mee op der Bank?
Genee, an op engem Spuerkont oder engem Compte Courant mat kuerzer Kënnegungsfrist kënnt ee séier erun. Dat kann ee also mat Boergeld vergläichen. Wann een dës Zorte Suen zesumme werft kënnt ee momentan op iwwer 10 Billiounen Euro. Awer de Problem ass: nieft Privatleit hunn och Entreprisë Konte bei Banken an dohier kann een dëse Betrag net einfach duerch all Awunner verdeelen. Ausserdeem kënne Sue laangfristeg ugeluecht ginn. Wéi soll een dat berécksiichtegen? Ee Gléck datt sech och Fuerscher vun der europäescher Zentralbank fir d’Akommes an d’Verméige vun den EU Bierger intresséieren. Sie enquêtéieren dohier reegelméisseg a maachen eng representativ Stéchprouf bei 152 Milliounen Eurozonen Haushälter.
A wéi vill Suen hätten déi Euro-Europäer dann elo wann et gläich opgedeelt wier?
Am Schnëtt hätt all Haushalt eppes iwwer 6000 Euro op dem Kont dat entsprécht ronn 2500 Euro pro Persoun, Kanner inklusiv. Mir zu Lëtzebuerg si Spëtzereider mat iwwer 13‘000 pro Persoun. Wann een awer all Verméigensarten zesummenzielt, also och Wäertpabeieren, d’Immobilien oder soss Verméigen an dovunner d’Scholden ofrechent, da kënnt een op ronn 100‘000 Euro pro Kapp an och hei rëm op e Spëtzewäert vun 375 000 Euro zu Lëtzebuerg.
Dat ass nawell vill, an do dréint engem de Kapp mat deene villen Zuelen, mee firwat ginn sech d’Fuerscher d’Méi dat alles erauszefannen?
Fiabel Daten iwwer Verméigens – an Akommesverhältnisser hëllefe fir déi wirtschaftlech Entwécklungen an der Eurozon besser ze verstoen. An ausserdeem brauch déi europäesch Zentralbank e méiglechst gudden Iwwerbléck iwwer d’Suen déi zirkuléieren, awer och iwwer d’Verscholdung vu Privatpersounen an Entreprisen, fir den Euro duerch all déi zukünfteg Krisen ze steieren. Dofir bleift d’Fuerschung spannend!
Infobox
Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzer an Editeur: Joseph Rodesch (FNR)