shotshop.com

Momentan sinn ongeféierer 25 Milliarden Euro-Schäiner an Ëmlaf, déi zesumme mat den Euro-Mënzen e Wäert vu ronn 1.3 Billiounen Euro hunn.

Fir dat ze beäntwerten, muss een sech fir d’éischt mol virun Ae féieren, wat ee mat Sue mengt. Wann et ëm Boergeld geet, dann ass d’Äntwert einfach: Momentan sinn ongeféierer 25 Milliarden Euro-Schäiner an Ëmlaf, déi zesumme mat den Euro-Mënzen e Wäert vu ronn 1.3 Billiounen Euro hunn. Ronn een Drëttel dovu sinn ausserhalb vum Euroraum stockéiert. Wann een dësen Deel ofzitt, bleiwen also ëm déi 850 Milliarden Euro fir déi 340 Millioun Awunner vun der Eurozon, an da mécht 2500 € Boergeld op de Kapp.

Awer déi meeschte Suen huet een an der Reegel net als Boergeld am Portmonni mee op der Bank?

Genee, an op engem Spuerkont oder engem Compte Courant mat kuerzer Kënnegungsfrist kënnt ee séier erun. Dat kann ee also mat Boergeld vergläichen. Wann een dës Zorte Suen zesumme werft kënnt ee momentan op iwwer 10 Billiounen Euro. Awer de Problem ass: nieft Privatleit hunn och Entreprisë Konte bei Banken an dohier kann een dëse Betrag net einfach duerch all Awunner verdeelen. Ausserdeem kënne Sue laangfristeg ugeluecht ginn. Wéi soll een dat berécksiichtegen? Ee Gléck datt sech och Fuerscher vun der europäescher Zentralbank fir d’Akommes an d’Verméige vun den EU Bierger intresséieren. Sie enquêtéieren dohier reegelméisseg a maachen eng representativ Stéchprouf bei 152 Milliounen Eurozonen Haushälter.

A wéi vill Suen hätten déi Euro-Europäer dann elo wann et gläich opgedeelt wier?

Am Schnëtt hätt all Haushalt eppes iwwer 6000 Euro op dem Kont dat entsprécht ronn 2500 Euro pro Persoun, Kanner inklusiv. Mir zu Lëtzebuerg si Spëtzereider mat iwwer 13‘000 pro Persoun. Wann een awer all Verméigensarten zesummenzielt, also och Wäertpabeieren, d’Immobilien oder soss Verméigen an dovunner d’Scholden ofrechent, da kënnt een op ronn 100‘000 Euro pro Kapp an och hei rëm op e Spëtzewäert vun 375 000 Euro zu Lëtzebuerg.

Dat ass nawell vill, an do dréint engem de Kapp mat deene villen Zuelen, mee firwat ginn sech d’Fuerscher d’Méi dat alles erauszefannen?

Fiabel Daten iwwer Verméigens – an Akommesverhältnisser hëllefe fir déi wirtschaftlech Entwécklungen an der Eurozon besser ze verstoen. An ausserdeem brauch déi europäesch Zentralbank e méiglechst gudden Iwwerbléck iwwer d’Suen déi zirkuléieren, awer och iwwer d’Verscholdung vu Privatpersounen an Entreprisen, fir den Euro duerch all déi zukünfteg Krisen ze steieren. Dofir bleift d’Fuerschung spannend!

Infobox

Wat fält bei Verméigensmiessunge meeschtens ënnert den Dësch?

Verschidde wichteg Aspekter gi bei der Akommes a Verméigensmoossungen meeschtens net consideréiert: dat ass emol déi staatlech Pensioun, déi am Alter eng considerabel Zomm ausmécht, an de Geldwäert vun aneren Leeschtungen, wéi déi vun obligatoreschen Kranken – oder soss Versécherungen. An och weider staatlech Leeschtungen, wéi Infrastruktur, Schoulen an Universitéiten spillen eng wichteg Roll: et kann een sech an engem Staat mat héijem duerchschnëttlechen Verméigen räich fillen. Muss een awer z.B. fir medezinesch Versuergung an Ausbildung vun de Kanner selwer opkommen ass een um Enn faktesch méi aarm wéi an engem Staat mat nidderegem Duerchschnëttsakommes, wou een dës Servicer vum Staat bezuelt kritt

Wat gëtt d'Verméigensopdeelung besser un: de Mëttelwert oder de Median?

Wa Fuerscher sech Akommes – a Verméigensverhältnisser ukucken, privilegéieren se dacks de Median, well den Duerchschnëttswert dacks vun wéinegen enorm räichen Haushälter verzerrt ginn. De Median ass déi Valeur wou d’Halschent vun de Leit drënner läit an déi aner Halschent driwwer. Den duerchschnëtts Lëtzebuerger Haushalt ass Verméigensmillionär mee wann ee sech de Median ukuckt, da läit dee bei ronn 500’000 EUR. Dat heescht datt déi méi aarm Halschent vun de Lëtzebuerger Haushälter ënnert 500’000 Euro huet, an déi méi räich Haushälter iwwer dëser Valeur leien.

Auteur: Ingo Knopf/scienceRELATIONS
Iwwersetzer an Editeur: Joseph Rodesch (FNR)

Infobox

Quellen
De Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten/Sujeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei : http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Aussi dans cette rubrique

Fleckechimie Firwat gi munch Flecken just schwéier aus de Kleeder eraus?

Munch Flecke verschwannen einfach an der Wäschmaschinn. Anerer si vill méi haartnäckeg an nees anerer ginn iwwerhaapt net méi eraus. Wéi eng Chimie stécht dohanner?

FNR
Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR