(c) Fiischen

D'Rout Bréck ass ganz aus Stol gebaut, a wann d’Sonn am Summer drop dréckt, dann dehnt de Stol sech aus an d’Bréck gëtt bis zu 25 cm méi laang!

Heescht dat elo dass ech am Wanter manner wäit lafe muss wann ech vum Kierchbierg an d’Stad wëll?!

Nee, eigentlech net. Well d’ Bréck esou eppes lieweges an dynamesches ass, hunn d’Bréckeningénieure virgesuergt. An der Strooss selwer sinn Dehnungsfugen. Déi sinn elastesch a ginn einfach zesummegequëtscht wann d’Strooss sech mat der Bréck ausdehnt. D’Bréck selwer gëtt zwar méi laang, mee si däerf jo näischt op den zwou Säiten auserneen drécken! Dofir sinn 4 grouss Rullen tëscht dem Sockel an der Bréck. D’Bréck rullt also hin an hier wann se sech ausdehnt oder zesummenzitt!

Ok, eng Bréck ass jo dann nach laang net esou fest wéi ee géif mengen. Mee de Wee vum Kierchbierg an d’Stad bleift op alle Fall dee selwechten, Summer wéi Wanter!

Auteur: Corinne Kroemmer

Foto © Fiischen 

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio spannend wëssenschaftlech Kuriositéiten.

 

Auch in dieser Rubrik

Schoul a Léieren Wat schwätzt fir a wat géint Schoulnotten?

Lëtzebuerg huet sech an der Grondschoul vun de klasseschen Notte getrennt mee am Secondaire gëllt meeschtens de 60-Punkte-System. Wat seet d'Fuerschung iwwer de Sënn an d'Limitte vun de Schoulnotten?

FNR
Gebuertsdag A wéi engem Mount hunn déi meescht Leit Gebuertsdag?

All Dag komme Kanner op d'Welt. Mä an ewéi engem Mount hunn eigentlech déi meescht Leit Gebuertsdag?

FNR
Musik und Psyche
Musek a Psyche Firwat wierkt Musek sou staark op eis Stëmmung?

Musek a Sprooch, dat hu just mir Mënschen. Musek wierkt op eise Kierper an op eis Séil, seet de Mr Science.

FNR