FNR

De Joseph vu science.lu weist Dir am Experiment vum Dag, wéi ee mini kleng Insekten, déi am Bëschbuedem liewen, beobachte kann. Dofir brauchs de allerdéngs en digitale Mikroskop, deens de fir manner wéi 20 € online bestelle kanns. Fir e puer Insekten aus dem Buedem erauszekréie kanns de de Buedem z.B. siften. Eng aner Méiglechkeet ass et, fir  en Triichter mam Buedem op e Glas ze stellen a vun uewen hell ze beliichten. Da falen déi kleng Insekten an d'Glas a kënne beobacht ginn. Wichteg ass datt net ze vill Buedem matkënnt well ee soss d’Insekten net sou gutt zu Gesiicht kritt. Denk och drun duerno d’Déiere rëm zréck an de Bësch ze bréngen.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR