FNR

D’Lucie huet eis e Video erageschéckt an deem et weist wéi een mat engem Blat Kichepabeier an e puer Stëfter en Zauberbild moolt. Wann een de Kichepabeier an eng Schossel mat Waasser leed, gëtt en liichtduerchlässeg, an sou kann een dëse genialen Effekt provozéiere vun engem Bild wat sech selwer moolt.

Duerch d’Waasser gëtt d’Loft, déi am Kichepabeier tëscht den Zellulosefaseren ass erausgedréckt. Am dréchenen Zoustand kënnt d’Liicht net duerch de Pabeier duerch well d’Liichtstralen all kéier wann se op eng Faser oder op Loft treffen an all Richtunge gestreet gëtt. Doduerch wierkt de Pabeier och wäiss. Waasser a Faseren sinn sech awer méi änlech wéi Loft a Faseren an doduerch gëtt d’Liicht vill manner am naasse Pabeier gestreet – d’Liicht geet also op engem méi direkte Wee duerch de Pabeier an doduerch wierkt dësen duerchschéngend.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoen fënns Du hei:

Auch interessant

Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR
Experiment Looss eng Béchs duerchsichteg ginn!

Eng Béchs besteet dach aus Metall - oder? Wéi soll déi dann duerchsichteg ginn? Ma dat ass guer net sou schwéier an du k...

FNR

Auch in dieser Rubrik

Ouschter-Challenge Wéi kritt een e gekachten Ee an eng Fläsch - an och erëm eraus?

Eng duebel Challenge, fir deng Famill oder Frënn Ouschteren erauszefuerderen.

FNR
Weihnachts-Experiment Bringe eine Mandarine zum Leuchten – mit einer Wunderkerze

Dieses Experiment begeistert gerade viele Kinder und Erwachsene in den sozialen Medien. Doch warum funktioniert es?

FNR
Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR