E Pionéier an der Computertechnik! Zu senge gréissten Erfindunge gehéieren d’Maus, d’Navigatioun mat engem Fënstersystem an eng ganz Rei kollaborativ Aarbechtsgeschir.
Him ass et ze verdanken, dass et keng Hexerei méi ass fir e Computer ze benotzen.

Den Engelbert selwer ass awer och fir seng perséinlech Liewensphilosophie bekannt, déi seng Aarbecht a Fuerschung viru gedriwwen huet. Ziel vu senger Aarbecht war et, fir Wësse méi einfach ze verbreeden an erreechbar ze maachen. Well laut him ass déi beschte Léisung fir e Problem ze léisen, fir op de kollektiven IQ zeréckzegräifen. Nom Prinzip: jidderee weess e bëssen, zesumme wësse mer vill! Des Philosophie fënnt een och haut ëmmer nach, schliisslech tauchen ëmmer méi kollaborativ Websäiten op, déi en ähnlecht Zil verfollegen.

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Schéi Feierdeeg Firwat léist Chrëschtdag dacks positiv Emotiounen aus?

Trotz Shoppingstress a „Last Christmas“-Gedudels léist Chrëschtdag bei ville Leit positiv Emotiounen aus. Firwat ass dat esou?

FNR
gro Hoer
Faarfpigmenter Firwat kréie mer gro Hoer?

Deen ee kritt se mat 20 Joer, deen anere réischt mat 50. Mee firwat kréie mer gro Hoer?

FNR
Stierwen an Doud Wat geschitt mam Kierper nom Doud?

Allerhellege steet virun der Dier. Vill Leit besichen deen Dag d’Griewer vun hire Verstuerwenen an denken un si. An deen een oder anere freet sech dobäi vläicht, wat mat eis nom Doud geschitt.

FNR