Achterbahn

Photo by Chris Slupski on Unsplash

Reng physikalesch gekuckt, hieft ee ganz hannen um Waggon am stäerksten of.

Tjo, dat ass emol eng Fro, zu der ech tatsächlech keng wëssenschaftlech Studie fonnt hunn! Mee Experten hunn awer Theorien dozou. D‘„Lach am Mo“ kéint zwee verschidde Grënn hunn. Deen een ass d’Angscht virdrun, wann d’Bunn no ënnen rast. Déi kënne mir net ënnerdrécken, d’Gehir schéckt dann innerhalb vu Sekonne Stress-Signaler un de Kierper. Wann een an enger Aachterbunn sëtzt, ass dës Stress-Reaktioun sënnlos. Mee dobaussen an der Wildnis gëtt de Kierper sou op maximal Kraaft ëmgestallt, fir sech ze wieren oder virun der Gefor fortlafen ze kënnen. Dofir gëtt Blutt a Richtung Häerz a Muskele gepompelt a vum Mo an Daarm ofgezunn. Dat komescht Gefill am Bauch kéint dovu kommen.

D’Gefill kennt een och viru Prüfungen oder wann ee virun enger grousser Grupp Leit schwätze soll.

Genee, och dat si Situatiounen, virun deene mir dacks Angscht hunn a mat Stress reagéieren.

Mee du hues nach vun enger zweeter méiglechen Erklärung geschwat?

Déi ass physikalesch. Wann et op ee mol no ënne geet, ass dat wéi an engem Lift, wann en erof fiert. Mir fillen eis op ee mol méi liicht.

An der Aachterbunn fillt ee souguer, wéi een e bëssen ofhieft.

An dat geschitt och mam Mo an Daarm. Si si relativ labber am Kierper opgehaangen, kënnen also e bëssen hin an hier schwabbelen. Wann d’Aachterbunn no ënnen accéléréiert, beweegen si sech am Kierper wahrscheinlech liicht no uewen. Mir spieren net méi, datt de Mo a säi Contenu no ënnen dréckt, an dat kéinte mir als dëst komescht Lach am Bauch interprétéierenn.

Wëssenschaftler mussen d’Aachterbunn-Fro awer nach méi genee ënnersichen, fir ze decidéieren, wéi eng vun den zwou Erklärungen zoutrëfft?

Jo. Villäicht wierken déi zwee Effete souguer zesummen oder et gëtt nach aner Grënn, déi nach entdeckt gi mussen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer weider Froen...

Op wéi enger Plaz hieft ee méi staark of: vir oder hannen?

An der éischter Sëtzrei kuckt ee beim eroffueren an d’Näischt a kritt esou de Kick. Ma reng physikalesch gekuckt, hieft ee ganz hannen am stäerksten of. Wéi kënnt dat? Fir dat ze verstoen, sëtzt een sech am Beschten an eng Aachterbunn oder et stellt een sech et am Kapp vir: d’Aachterbunn kraucht lues no uewen. Wann et fir déi éischt Waggonen no der Spëtzt no ënne geet, fueren si am Ufank nach relativ lues, ma d’Bunn beschleunegt ëmmer méi, bis de leschte Waggon am séiersten iwwer d’Spëtzt fiert. Dobäi gëtt een dann am stäerksten aus dem Sëtz gehuewen.

Wéi eng ass déi krassten Aachterbunn?

Vill Aachterbunne versichen, sech mat Superlativen ze iwwertrompen, also wéi eng ass déi Längsten, déi Héchsten, déi Séiersten a sou wieder. Ma déi krassten Aachterbunn kann een an engem Fliger maachen an zwar bei engem Parabelfluch. Dofir flitt de Fliger fir d’éischt géi no uewen, ier de Pilot d’Nues vum Fliger erëm spatz no ënnen dréckt. Dobäi hiewen d’Passagéier am Fliger of a spiere ronn 20 Sekonne laang Schwéierlosegkeet. Dës laang „Airtime“ ka keng normal Aachterbunn toppen. Fir datt d’Fligeren déi staark mechanesch Belaaschtung bei esou Flich aushalen, sinn si speziell verstäerkt. D’Sëtzer sinn och esou ausgebaut, datt d’Passagéier genuch Platz hunn fir ze schwiewen. Hei trainéieren och zum Beispill Astronaute virun engem Fluch an de Weltall fir d’Schwéierlosegkeet.

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox

Mister Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science