Achterbahn

Photo by Chris Slupski on Unsplash

Reng physikalesch gekuckt, hieft ee ganz hannen um Waggon am stäerksten of.

Tjo, dat ass emol eng Fro, zu der ech tatsächlech keng wëssenschaftlech Studie fonnt hunn! Mee Experten hunn awer Theorien dozou. D‘„Lach am Mo“ kéint zwee verschidde Grënn hunn. Deen een ass d’Angscht virdrun, wann d’Bunn no ënnen rast. Déi kënne mir net ënnerdrécken, d’Gehir schéckt dann innerhalb vu Sekonne Stress-Signaler un de Kierper. Wann een an enger Aachterbunn sëtzt, ass dës Stress-Reaktioun sënnlos. Mee dobaussen an der Wildnis gëtt de Kierper sou op maximal Kraaft ëmgestallt, fir sech ze wieren oder virun der Gefor fortlafen ze kënnen. Dofir gëtt Blutt a Richtung Häerz a Muskele gepompelt a vum Mo an Daarm ofgezunn. Dat komescht Gefill am Bauch kéint dovu kommen.

D’Gefill kennt een och viru Prüfungen oder wann ee virun enger grousser Grupp Leit schwätze soll.

Genee, och dat si Situatiounen, virun deene mir dacks Angscht hunn a mat Stress reagéieren.

Mee du hues nach vun enger zweeter méiglechen Erklärung geschwat?

Déi ass physikalesch. Wann et op ee mol no ënne geet, ass dat wéi an engem Lift, wann en erof fiert. Mir fillen eis op ee mol méi liicht.

An der Aachterbunn fillt ee souguer, wéi een e bëssen ofhieft.

An dat geschitt och mam Mo an Daarm. Si si relativ labber am Kierper opgehaangen, kënnen also e bëssen hin an hier schwabbelen. Wann d’Aachterbunn no ënnen accéléréiert, beweegen si sech am Kierper wahrscheinlech liicht no uewen. Mir spieren net méi, datt de Mo a säi Contenu no ënnen dréckt, an dat kéinte mir als dëst komescht Lach am Bauch interprétéierenn.

Wëssenschaftler mussen d’Aachterbunn-Fro awer nach méi genee ënnersichen, fir ze decidéieren, wéi eng vun den zwou Erklärungen zoutrëfft?

Jo. Villäicht wierken déi zwee Effete souguer zesummen oder et gëtt nach aner Grënn, déi nach entdeckt gi mussen. Dofir bleift Fuerschung ëmmer spannend!

Nach e puer weider Froen...

Auteur: Ingo Knopf / scienceRELATIONS
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Iwwersetzerin: Melanie Reuter (FNR)

Infobox