FNR

An dësem Experiment weise mir, wéi ee gefruere Seefeblose maache kann.

Waasser féiert bei 0°C. Fir datt Seefeblose fréieren, brauch een, eiser Erfarung no, awer déif Minustemperature vun ënner -5°C, well de Prozess séier goe muss. Ausserdeem däerf net ze vill Wand sinn. Fir d’Blose gutt beobachten ze kënnen, bléist een d‘Seefeblosen direkt am Kontakt mat Schnéi oder Äis op.

Als Seefebloseléisung kann een einfach eng 50:50-Mëschung aus Waasser a Spüli huelen. Blose kann een z. B. mat engem Stréihallem maachen. Kleng Blose fréien iwwregens méi séier.

Fir gutt Fotoen ze maachen, knipst een am beschte moies fréi oder owes spéit géint d’Luucht.

Wann d’Seefeblosen net fréieren, kann et doru leien, datt d’Loft, mat där mer d’Seefeblos opblosen ze waarm ass. Et muss ee méiglechst vill kal Loft anootmen an dës direkt an d’Blos fëllen. Oder maacht d’Blose mat enger Vëlospompel an engem Stréihallem.

Vill Spaass beim Experimentéieren.

Auteur: Joseph Rodesch (FNR) a Melanie Reuter (FNR)

Auch interessant

Energie der Sonne Welcher Luftballon platzt schneller in der Sonne?

In diesem Experiment lassen gebündeltes Sonnenlicht und Wärme verschiedenfarbige Luftballons platzen – und andere nicht.

FNR
Wanter-Experiment Bau e Schnéimännchen ouni Schnéi – a looss e schmëlzen

Bakpolver, Salz, e bëssi Spüli, Waasser, Deko, Esseg – a lass! En einfacht Experiment fir d’Chrëschtvakanz fir virwëtzeg...

FNR
Schallimoflütt 2.0 Bastel eng Flütt - mat engem Schallimo an engem Loftballon

Fann eraus, wéi den Toun vun enger selwer gebastelter Flütt méi héich oder déif gëtt jee nodeems wéi vill Plaz d’Schwéng...

FNR