© Pixabay
Ouni Blutt-Transfusioune, géife vill Schwéierverletzter net iwwerliewen a vill Operatioune wären net méiglech.
Dokteren a Wëssenschaftler zerbriechen sech scho laang de Kapp doriwwer, wéi ee Blutt ersetze kéint. Se hunn et an der Vergaangenheet mat Déiereblutt oder Mëllech probéiert. Mee oft sinn d’Patienten doru gestuerwen.
Wat fir e Gléck haut ze liewen!
Jo... Fir kënschtlech Blutt heirzestellen, muss een als éischt emol verstoen, wat fir eng Roll Blutt am mënschleche Kierper spillt. Et ass jo eng komplizéiert Mëschung: Wäiss Bluttkierpercher wiere Krankheetserreeger of, kleng Bluttplättercher verklompe bei Wonnen, si stoppe souzesoen d‘Lächer am Bluttkreeslaf an d’rout Bluttkierpercher transportéieren de Sauerstoff aus der Long an de Rescht vum Kierper. Haut wier ee scho frou, wann een am Noutfall zumindest déi rout Bluttkierpercher ersetze kéint.
Dat kann een net?
D’Medeziner experimentéiere schonns laang mat Ersatzflëssegkeeten, wéi z.B. mat Perfluorcarbonen. Dat si Chemikalien, zu deenen och den Teflon gehéiert.
Wéi den Teflon an der Pan?
Jo, awer als Bluttersatz hellt ee Variante vun dëse Stoffer, déi uelegzeg Flëssegkeete sinn. Si kenne Sauerstoff transportéieren. Mee leider hunn se staark Niewewierkungen. An dat trefft och op aner Bluttersatzstoffer zou, déi Hämoglobin enthalen. Dat ass de Stoff, den an de roude Bluttkierpercher de Sauerstoff bënnt.
Also béides keng ideal Léisung
Iwwerhaapt net. Mee säit deem ee versteet, wéi am mënschleche Knachemuerch frësch Bluttzellen entstoen, versiche Fuerscher, dat am Reagenzglas nozemaachen. Se benotzen dofir sougenannte Stammzellen, aus deenen och bei eis am Kierper d’Bluttzellen entstinn.
An dat klappt?
Mëttlerweil jo! 2011 gouf kënschtlech Blutt déi éischte Kéier engem Mënsch gesprëtzt.
Also Problem geléist?
Net ganz. Si konnten zwar 10 Milliarde rout Bluttkierpercher produzéieren, dat sinn awer trotzdem nëmmen 2 Milliliter... Vill méi konnt ee virun e puer Joer nach net an engem Saz produzéieren. Viru kuerzem hunn awer britesch Fuerscher en Wee fonnt, Konschtblutt a Literquantitéiten ze produzéieren. D’Verfahren ass awer nach ëmmer immens opwenneg an deier.
Dann hoffe mer mol, dass d‘Fuerscher op déi richteg Iddien kommen, fir dass dat och méi bëlleg geet!
Genee. Dofir bleift Fuerschung och ëmmer spannend!
Auteur: Ingo Knopf
Editeur: Joseph Rodesch
Traducteur: Sophie Steinmetz
Photo: Pixabay
Infobox
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d'Emissioune fënns du hei: https://www.rtl.lu/radio/science