Zaunkönig

shotshop.com

Den Zonkebutz, och nach Maiskinnek genannt. Op Däitsch: Zaunkönig

Mr Science, am Fréijoer ginn ech all Muerge vum Gesang vu Märelen a Nuechtigailecher erwächt. Dat kléngt jo wonnerschéin - awer dat ass och extrem haart. Wisou kënnen dës kleng Déieren eigentlech sou haart sangen?

Sangvigel kënne Loft mat ganz héijem Drock duerch hiert Stëmmorgan pressen. Wat den Drock méi héich ass, wat den Toun méi haart gëtt. Am Verglach zu anere Liewewiese kënnen d’Vigel dohier immens haart sangen. Et kéint een et scho bal Kaméidi nennen, virun allem wann ee schlofe wëll.

A wisou kënnen d’Vigel dësen héijen Drock produzéieren?

D’Ootmung vun de Vigel funktionéiert ganz anescht wéi bei eis Mënschen. Hiere Kierper ass nämlech vu Loftsäck duerchzunn. Mat Hëllef vun de Muskele kënnen d’Viggel dës Loftsäck entweder auserneenzéien oder zesummepressen. Doduerch saugen sie d’Loft an hire Kierper a pressen se och rëm aus.

Beim erausstréime geet d’Loft deelweis duerch d’Long (déi selwer net beweeglech ass). Do geet dann de Sauerstoff an d’Blutt. An anersäits fléisst d’Loft duerch d’Stëmmorgan vun de Vigel. Wann d’Vigel d’Loft mat vill Drock duerch hire Stëmkapp erauspressen, da kënnen se ganz haart sangen.

Funktionéiert dëse Stëmmkapp da genee sou wéi eis Stëmmbänner?

De physikalesche Prinzip ass dee selwechten. Allerdéngs hunn d’Vigel keng Stëmmbänner mee Membranen, op deenen d’Loft déi laanscht fléisst en Toun produzéiert. Sangvigel hunn 2 Puer Membranen a verschiddener kënne souguer am selwechten Ablack 2 Téin produzéieren, andeems se d’Membranen onofhängeg vun enee schwénge loossen. Sou kënnen se mat dech selwer am Duett sangen.

Auteur: Hannes Schlender/scienceRELATIONS
Iwwersetzer: Joseph Rodesch/FNR
Foto: shotshop.com

 

Infobox

Firwat sange Vigel?

De Gesang vu Vigel huet verschidde Funktiounen. Engersäits spillt e bei der Partnersich eng Roll: wat de Vugelmännche méi haart a méi dacks a méi variéiert séngt, ëmsou méi attraktiv ass e fir e Vugelweibchen. Eng haart Stëmm stellt eng gutt Fitness duer. A e grousse Repertoire u Sangstrophe schwätzt dogéint fir Liewenserfarung. Dat gëllt zum Beispill fir Nuechtigailercher: Wëssenschaftler hu bei hinnen duerchschnëttlech 190 verschidde Strophentype gezielt! Wat e Männche méi "drop" huet, wat e besser Chancen huet als Bräitchemann ausgewielt ze ginn.

Mat hirem Gesang markéieren d'Vigel awer och hirt Revéier. Deen Zweck erfëllt wuel och hire Concert um fréie Moien: fir d'Juegd op Insekten ass et nach ze däischter. Et ass awer och nach schéi roueg, an de Schall dréit sou méi wäit a warnt méiglech Konkurrente sou scho vu wäitem.

Haart, an ëmmer méi haart: Verkéierskaméidi a Vugelsgesank

Stied si Liewensraim: Autoen, Camionen, Chantieren - iwwerall ass Kaméidi. Dorunner mussen sech och Vigel upassen.Wëssenschaftler vum Max-Planck-Institut fir Ornithologie hunn um Beispill vun den Nuechtigailercher, déi zu Berlin bréien, gewisen: D'Déiere sangen tatsächlech ëmsou méi haart, wat méi Kaméidi em si ronderëm ass. Nuechtigailercher waren dofir optimal Versuchsdéieren: si bréien um Buedem an hunn am léifste schlecht gefleegte Gréngzonen, Verkéiersinselen, Platzen déi brooch leien oder gespléckten Zuchgleiser. Vun all deem gëtt et zu Berlin genuch. D'Stad gëllt als europäesch Metropol mat der gréisster Besiidlungsdicht un Nuechtigailercher.

Auch in dieser Rubrik

Scharchen
Gesonde Schlof Firwat schnaarche munch Leit?

Schnaarche stéiert d’Matbewunner a kann esouguer e Symptom fir eng Krankheet sinn. Wouhier kënnt dat Seeën matten an der Nuecht hier?

FNR
Fettige Haare
Kierperhygiène Firwat ginn Hoer fetteg?

Munch Leit kënnen hir Hoer wäschen a gesinn no e puer Stonnen trotzdeem aus, wéi wa se Hoerueleg benotzt hätten. Firwat ginn hir Hoer sou séier fetteg?

FNR
Den Toun mécht d’Musek Sinn eis Museksinstrumenter falsch gestëmmt?

Huet Musek mat engem Grondtoun vu 432 Hz e speziellen Afloss op Kierper a Geescht?

FNR