FNR

Opgepasst! Nëmmen ënnert Opsiicht vun engem Erwuessene maachen. Ni op Persounen oder Déieren zilen! Kleng Kanner kënnen op d‘Spëtzt vum Spiiss eng Bull Plastilinn oder e Kork op stiechen.

D’Melanie vu science.lu weist dir am Experiment vun Dag wéi een aus engem Loftballon, enger Fläsch an engem Spiiss e Bou baut mat deem ee schéisse kann.

Dëse Bou funktionéiert anescht wéi e klasseschen Indianerbou. Et notzt ee just d’Deenbarkeet vum Gummi aus fir de Feil ze schéissen. Well de Gummi vum Ballon sech wäit deent an duerno rëm séier a seng Originalform zréck wëll, acceleréiert en e Spiiss iwwer e puer Zentimeter sou vill, datt dësen eng Zilscheif duerchlächeren oder e Ballon zum Plaze brénge kann.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass!

Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment.

Vill Spaass beim nomaachen!

Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoë fënns Du hei:

Auch in dieser Rubrik

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kaffee-Experiment Wie funktioniert eine Vakuum-Kaffeemaschine?

Hier zeigen wir Dir die wahrscheinlich spannendste Methode Deinen Kaffee zu brauen.

FNR