Wärend dem ganze Confinement vu Mëtt Mäerz bis Juni 2020 hu vill vun Iech äerdeg mat eis experimentéiert - a mir krute vill Bäiträg mam Hashtag #Experimenterdoheem zougeschéckt. E ganz décke Merci heivir!

Hei ass en Zesummeschnëtt vun e puer Videoen a Fotoen déi mir era kruten.

UPDATE: De Concours ass eriwwer. D’Gewënner si vun eis kontaktéiert ginn. 

Och wann dës Aktioun elo eriwwer ass wäerte mir weider, méi oder manner reegelméisseg, dës kleng Videoe fir iech produzéieren.

Äert Team vu science.lu

 

Auch in dieser Rubrik

Waasser-Experiment Hief en Äiswierfel mat engem Fuedem a Salz op

Duerch dëst Experiment fënns Du och eraus, firwat am Wanter Salz op d’Stroosse gestreet gëtt.

FNR
Optik Maach Reebou-Pabeier mat Neellack

Een ebësse méi extraen Pabeier - ganz einfach selwer maachen mat Neellack

FNR
Rotatioun Firwat lant eng Botterschmier ëmmer mat der Bottersäit no ënnen?

Dëst Experiment krut souguer en Ig-Nobelpräis fir witzeg Fuerschung.

FNR