Den Olivier, deen als Enseignant (vum SCRIPT) fir science.lu schafft, weist Dir am Experiment vum Dag, wéi een e Lineal op senger Extremitéit um Bord vun engem Dësch balancéiere kann ouni datt en erof fält. Matt engem Hummer deen ee mat engem breede Lastik ënner dem Lineal befestegt kann een de Schwéierpunkt vum System Lineal/Hummer nach um (oder ënnert dem) Dësch behalen och wann de Lineal eleng scho laang géif erof falen.

Wärend der ganzer Zäit vum COVID-19 Homeschooling verfilme mir vu science.lu all Dag ee klengt Experiment fir Dech, wat ee mat wéineg Material doheem nomaache kann. Eis Zieler: Dech virwëtzeg maachen, Dech un d’staunen kréien an Dir d‘Freed um experimentéiere weider ginn.

Kuck net just de Video mee maach d‘Experiment no!

Dat mécht vill méi Spaass an dobäi mécht een dacks nach aner intressant Beobachtungen. Also sich d’Material an da lass! Heiansdo klappt et net bei der éischte Kéier – dat ass normal – kuck de Video nach emol genee oder sich am Internet no enger anerer Beschreiwung vum Experiment. Vill Spaass beim nomaachen!

 Däin Team vu science.lu

#Experimenterdoheem – Concours:

Film Dech oder maach eng Foto beim Experimentéieren a probéier bei eisem Concours ze gewannen. Méi Infoe fënns Du hei:

Auch in dieser Rubrik

Mikroskopie Kuck méi genee - mat engem klengen digitale Mikroskop

Mat dësem einfache Mikroskop dat sou grouss ass wéi eng Täscheluucht kanns Du dir op dengem Computer, Tablett oder Smartphone Detailer ukucken, déi fir d’Aen villäicht souguer onsiichtbar sinn.

FNR
Luftdruck Klebe Becher an einen Luftballon – aber ohne Kleber!

Dieser Ballon-Teufel hat ein Grobvakuum zwischen seinen beiden Ohren.

FNR
Kaffee-Experiment Wie funktioniert eine Vakuum-Kaffeemaschine?

Hier zeigen wir Dir die wahrscheinlich spannendste Methode Deinen Kaffee zu brauen.

FNR