AdobeStock/OksKutsenko (mathëllef vu KI generéiert)
Déi kuerz Äntwert op d’Fro ass: jo. Alkohol ass eigentlech en Zellgëft. An och wann et heescht, „die Dosis macht das Gift“, ass et ëmmer sënnvoll, dem Kierper eng Chance ze ginn, sech ze regeneréieren. An den „Dry January“ ass eng Geleeënheet, sech mat sengem Alkoholkonsum méi bewosst auserneenzesetzen.
Resultater aus wëssenschaftleche Studie weisen och positiv gesondheetlech Effekter. Ënner anerem berichte Leit, datt se no engem Mount Abstinenz besser schlofen, méi Energie hunn a sech allgemeng kierperlech a séilesch besser spieren. Ausserdeem ass et méi warscheinlech, datt een och laangfristeg manner Alkohol drénkt.
Dat sinn elo éischter subjektiv Effekter, déi iwwer Ëmfroen analyséiert goufen. Awer et gëtt och objektiv miessbar positiv Effekter, e. a. Gewiichtsverloscht, e méi stabille Bluttdrock oder verbessert Liewerwäerter.
Dat kléngt jo net schlecht. Kann Alkoholverzicht dann och negativ Effekter hunn?
Jo, virun allem bei Leit, déi vill Alkohol drénken oder Alkoholiker sinn. Hei kann en abrupte Verzicht zu Entzuchserscheinunge féieren, z. B. Schlofstéierungen, Angschtzoustänn oder Krämp. Esou Leit solle sech dofir onbedéngt professionell begleede loossen.
Awer och fir Leit, déi net esou vill Alkohol drénken, kann de Verzicht negativ Effekter hunn. Wann een et gewinnt ass, a soziale Situatiounen Alkohol ze drénken, kann ee Schwieregkeeten hunn, sech ouni Alkohol ze entspanen oder ze ameséieren. Esou Leit kënne sech isoléiert fillen, wa se keng Alternativ fannen, fir hir sozial Kontakter ze fleegen.
Studie weisen och, datt Leit, déi beim „Dry January“ matmaachen, méi Succès hunn, wa se Ënnerstëtzung kréien – z. B. iwwer E-Mail oder Social Media.
Wat dréit dann nach zum Succès bäi?
Allgemeng gëtt et zu deem Sujet awer nach net esou vill Studien, virun allem och, well et Mouvementer ewéi dem „Dry January“ eréischt säit ca. zéng Joer gëtt. D'Resultater vun esou Studien hëllefen awer, Campagnen ze verbesseren a Motivéierter besser virzebereeden an ze begleeden. Dofir bleift d'Fuerschung wichteg - a spannend souwisou!
Den Ursprong vum „Dry January“
Den Dry January® gouf 2013 vun der brittescher Organisatioun „Alcohol Change UK“ an d’Liewe geruff, fir d'Leit ze motivéieren, no de Feierdeeg hire Konsum vun Alkohol ze iwwerdenken an eng méi gesond Bezéiung dozou ze entwéckelen. Zënterhier huet d'Beweegung sech weltwäit verbreet. Änlech Initiative gëtt et an anere Länner, ewéi „Le défi de janvier“ a Frankräich, den „IkPass“ an Holland oder den „Ocsober“ an Australien. A Kanada gëtt et den „Dry February“, deen oft mat Spendecampagnë fir wueltäteg Zwecker verbonnen ass. Dës Campagnë weisen, datt de bewosste Verzicht op Alkohol weltwäit Resonanz fënnt
Auteur: Michèle Weber (FNR)
Editeur: Joseph Rodesch (FNR)
Infobox
de Ternay, J., Leblanc, P., Michel, P. et al. One-month alcohol abstinence national campaigns: a scoping review of the harm reduction benefits. Harm Reduct J 19, 24 (2022). https://doi.org/10.1186/s12954-022-00603-x
de Visser, R. O., Robinson, E., & Bond, R. (2016). Voluntary temporary abstinence from alcohol during “Dry January” and subsequent alcohol use. Health Psychology, 35(3), 281–289. https://doi.org/10.1037/hea0000297
Richard O de Visser, Richard Piper, Short- and Longer-Term Benefits of Temporary Alcohol Abstinence During ‘Dry January’ Are Not Also Observed Among Adult Drinkers in the General Population: Prospective Cohort Study, Alcohol and Alcoholism, Volume 55, Issue 4, July 2020, Pages 433–438, https://doi.org/10.1093/alcalc/agaa025
de Visser, R. O., & Nicholls, J. (2020). Temporary abstinence during Dry January: predictors of success; impact on well-being and self-efficacy. Psychology & Health, 35(11), 1293–1305. https://doi.org/10.1080/08870446.2020.1743840
A Terebessy, V Pongor, Z s Horváth, J-H Ivers, M Pénzes, F Dávid, F Horváth, Z s Demetrovics, R Urbán, J Rácz, Long-term effect of participation in one-month alcohol abstinence campaign on individual consumption, European Journal of Public Health, Volume 30, Issue Supplement_5, September 2020, ckaa166.472, https://doi.org/10.1093/eurpub/ckaa166.472
Mehta G, Macdonald S, Cronberg A, et al. Short-term abstinence from alcohol and changes in cardiovascular risk factors, liver function tests and cancer-related growth factors: a prospective observational study. BMJ Open 2018;8:e020673. https://doi.org/10.1136/bmjopen-2017-020673
Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.