8ten Januar 1642: De Galileo Galilei- ee vun de bekanntesten Wëssenschaftler aus der Geschicht- stierft am Alter vu 77 Joer

Zu senger Zäit gouf en oft schif bekuckt wéinst sengen revolutionären Iddien an Theorien. Et gëtt awer gemunkelt dass et méi seng arrogant Art a Weis war déi d’Leit zur Roserei bruecht huet wéi soss eppes. Seng bekanntest Erfindung ass den Teleskop mat deem en zimlech vill d’Luucht aus gekuckt huet – ähm, also an d’Stären - an dem Copernicus seng Theorie ënnerlecht huet dass d’Äerd rondrëm d’Sonn dréint, an net ëmgedréint. Als Unerkennung fir seng Aarbechten huet d’NASA esou guer 1989 en Raumschëff nom Galileo benannt!

Text: Corinne Kroemmer

Infobox

Mister Science op RTL Radio

1mol d'Woch présentéiert de Mister Science op RTL Radio d'Erfindung oder den Entdecker vum Daag.

Auch in dieser Rubrik

Auto-Motoren Wéi funktionéiert e V8-Motor?

E Bléck op verschidde Verbrennermotoren, wéi se gebaut sinn a firwat elektresch Autoen op eemol e kënschtleche Sound brauchen.

FNR
Fettzellen
Éiwegt Fett Verschwanne Fettzellen, déi sech eemol gebilt hunn, ni méi?

Fettzelle solle ganz schéin zéi sinn. Stëmmt et, datt si ni méi fortginn, nodeems se sech eemol am Kierper gebilt hunn, mee héchstens méi kleng ginn?

FNR