AdobeStock/marchello74

Loftopnam vun engem Rechenzentrumsgebai: e grousse KI-Zentrum, ëmgi vu Systemer fir ze killen a mat Stroum ze versuergen.

Mr Science, KI, Streaming, d’Späichere vun Donnéeën a Clouds an Online-Déngschter brauche Rechenzentren. A Rechenzentre brauchen deelweis ganz vill Waasser fir d'Killen. Gëtt dëst Waasser eigentlech verbraucht – oder nëmme benotzt an dono nees zeréckginn?

Béides kënnt vir. An de Killsystemer vu verschiddene Rechenzentren zirkuléiert Waasser an engem zouene Kreeslaf. Et gëtt ëmmer nees benotzt. Bei anere Killsystemer gëtt Waasser verdonst, fir Hëtzt ofzeféieren. An der Atmosphär gëtt dëst Waasser zu Damp – an et gëllt als verbraucht (Posadas-Paredes et al., 2026). 

Firwat brauche Rechenzentren iwwerhaapt Waasser fir d'Killen?

Prozesser, Grafikkaarten, Späicheren an aner Baudeeler produzéiere vill Hëtzt. Ventilatoren transportéiere se aus de Serverraim of. Waasser kann dës Hëtzt ganz gutt unhuelen. An oppene Killsystemer verdonst d'Waasser a féiert d'Hëtzt dobäi of. Dëst Waasser ass dono op der Plaz fort. An zouene Systemer hëlt d'Waasser och Hëtzt op, mee gëtt se dono iwwer e Wärmetauscher un d'Bausseloft of. Dono fléisst d'Waasser nees zeréck an de Kreeslaf (Posadas-Paredes et al., 2026).

Wéi vill Waasser gëtt da beim Kille vun engem Rechenzentrum verbraucht?

Déi Fro kann een net mat enger eenzeger Zuel beäntweren. De Waasserverbrauch hänkt ënner anerem dovun of, wat fir ee Killsystem agesat gëtt, wéi waarm d'Klima do ass, wou de Rechenzentrum steet, wéi effikass d'Servere schaffen a wéi staark se ausgelaascht sinn. An enger aktueller Analys ënnerscheeden d'Wäerter pro Rechenaufgab sech ëm méi ewéi de Faktor 10.000 (Lei, 2025). 

Verschidde Rechenzentre gi jo mat Loft gekillt. Verbrauchen déi guer kee Waasser?

Dach – méiglecherweis indirekt. Wa mat Loft gekillt gëtt, gëtt op der Plaz däitlech manner oder guer kee Waasser fir d'Kille verbraucht. Mee d'Kille mat Loft brauch Stroum an och d'Stroumproduktioun ka Waasser verbrauchen – zum Beispill fir Kraaftwierker ze killen. Wéi grouss dësen indirekte Waasserverbrauch ass, hänkt an engem grousse Mooss dovun of, aus wat fir enge Quellen de Stroum staamt (Vries-Gao, 2026).

A wat bedeit dat fir de Google-Rechenzentrum, deen zu Bisse geplangt ass?

Den aktuelle Pläng no wëll Google de Rechenzentrum mat Loft killen an esou den direkte Waasserverbrauch um Standuert geréng halen – bei ongeféier 10.000 Liter pro Dag. Dat entsprécht dem Verbrauch vu 75 Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen. . Beim indirekte Verbrauch kënnt et drop un, wéi den néidege Stroum produzéiert gëtt. Dat ass fir Lëtzebuerg besonnesch relevant, well 2025 ronn 72 % vum Stroumverbrauch importéiert goufen (Muller, 2026). Een Deel vum Waasserverbrauch kann also am Ausland ufalen. Dofir siche Chercheuren no Killsystemer, déi insgesamt manner Waasser brauchen, ouni dofir däitlech méi Stroum ze verbrauchen – et bleift also spannend an der Fuerschung! (Posadas-Paredes et al., 2026). 

Direkten an indirekte Waasserverbrauch

 

Direkte Waasserverbrauch entsteet am Rechenzentrum selwer – zum Beispill, wa Waasser beim Kille verdonst an an d'Atmosphär geréit. Indirekte Waasserverbrauch entsteet baussent dem Rechenzentrum, virun allem bei der Produktioun vum Stroum, deen e brauch. Kuelen- a Kärkraaftwierker brauche beispillsweis Waasser, fir den Damp ofzekillen, deen d'Turbinnen undreift.

 

Eng aktuell Schätzung fir 2023 kënnt weltwäit op ronn 560 Milliarde Liter Waasserverbrauch duerch Rechenzentren: ongeféier 140 Milliarde Liter direkt, 373 Milliarde Liter indirekt a 47 Milliarde Liter, fir d'Hardware hierzestellen (Vries-Gao, 2026). Dat ass also insgesamt 10 Mol esou vill, wéi am Stauséi bei Esch-Sauer bei maximalem Fëllstand ass. Dat kléngt am éischten Ablack iwwerschaubar. Allerdéngs: De Waasserverbrauch duerch Rechenzentre ka grad a Regioune kritesch ginn, an deene schonn e Waassermanktem gëtt.

Léisst KI de Stroum- a Waasserverbrauch vu Rechenzentren explodéieren?

 

Si dréit ouni Zweifel dozou bäi. Mee hiren Undeel léisst sech nëmme schwéier genee schätzen. Well déi disponibel Zuele bezéien sech virun allem op Rechenzentren, déi souwuel fir KI wéi och fir Streaming, d’Späichere vun Donnéeën, an Online-Déngschter genotzt ginn. Sécher ass, datt de rasante Wuesstem vun der KI de Wuesstem vum digitale Secteur allgemeng undreift. Eng aktuell Schätzung deit drop hin, datt KI-Systemer am Joer 2025 en CO2-Foussofdrock kéinten hunn, deen deem vun der Stad New York entsprécht. Hire Waasser-Foussofdrock kéint ongeféier dem weltwäite Joresverbrauch un a Fläschen ofgefëlltem Waasser entspriechen. 

Wou kënnt de Stroum zu Lëtzebuerg hier?

 

Lëtzebuerg produzéiert nëmmen een Deel vum Stroum, deen et brauch, selwer. 2025 ware ronn 72 % vum verbrauchte Stroum Importer, déi gréisstendeels iwwer dat däitscht Netz an d'Land komm sinn. Den offiziell ausgewisene Stroummix huet zu 74,2 % aus erneierbaren Energien, dorënner eleng 52,1 % Waasserkraaft, bestan. Dobäi koumen 13,5 % fossil Energien a 10,8 % Kärenergie (Muller, 2026). Fir de Waasserfoussofdrock vun engem Rechenzentrum ass dat wichteg: Waasser kann net nëmmen direkt beim Killen um Standuert verbraucht ginn, mee och indirekt do, wou den néidege Stroum produzéiert gëtt. 

Auteur: Hannes Schlender (scienceRELATIONS)
Redaktioun: Michèle Weber (FNR)
Iwwersetzung: Nadia Taouil (www.t9n.lu)

Infobox

Quellen

Lei, N., Lu, J., Shehabi, A., & Masanet, E. (2025). The water use of data center workloads: A review and assessment of key determinants. Resources, Conservation & Recycling, 219, 108310. https://doi.org/10.1016/j.resconrec.2025.108310

Muller, C. (2026). Luxemburgs Strommix war im Jahr 2025 zu 74,2 Prozent grün. Tageblatt.lu, 13. Juli 2026. Online unter: https://www.tageblatt.lu/Wirtschaft/Luxemburgs-Strommix-war-im-Jahr-2025-zu-742-Prozent-gruen-66547.html. Abgerufen am 30.9.2026

Posadas-Paredes, T., Zavala-Vega, D. K., Ramírez-Márquez, C., & Ponce-Ortega, J. M. (2026). Resource Management Challenges in AI-Driven Data Centers: A Systematic Review of Energy, Water, and Material Constraints. Resources, 15, 115. https://doi.org/10.3390/resources15090115

de Vries-Gao, A. (2026). The carbon and water footprints of data centers and what this could mean for artificial intelligence. Patterns, 7, 101430. https://doi.org/10.1016/j.patter.2025.101430

https://environnement-download.public.lu/EIE/2021/97327/Conclusion/20260625_PAP%20Londonbridge_conclusion%20motiv%C3%A9e_%2097327.pdf

https://de.wikipedia.org/wiki/Obersauer-Stausee

De Mr Science op RTL Radio

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenn vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch presentéiert de Mr Science op RTL Radio, wat fir eng Fuerschung hanner Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/.