Mann überlegt

FNR

Dëst Phenomeen geschitt dacks bei Wierder oder Nimm, déi een net reegelméisseg benotzt.

Firwat eis d’Wierder wéi op der Zong pechen bleiwen, weess d’Wëssenschaft nach net genee. Si nennen et den Tip-of-the-Tongue oder kuerz TOT-Phenomeen, oder och Lethologica (griichesch: lethe = Vergiesslechkeet; logos = Wuert).

Et geschitt dacks bei Wierder oder Nimm, déi een net reegelméisseg benotzt. D’Gehier huet also des Informatioun schonn eemol gespäichert, mee well mir se net reegelméisseg benotzen, sinn se méi schwéier erëm op ze ruffen -  an dat kann dann zu TOT-Momenter féieren. Meeschtens fält eis d’Wuert dann nees spontan an, wann mir guer net méi driwwer nodenken. Ganz änlech wéi wann dir no all de verreenten Méint erëm är Rollerblades sicht fir déi éischt Sortie. Dir wësst, datt dir se iergendwou hin geraumt hutt, mee dir musst e bëssen sichen bis dir se erëmfannt. Sou ongeféier kann een sech dat och am Gehier virstellen.

A firwat sou wéineg driwwer gewosst as, läit virun allem drun, datt et schwéier ass dee Phenomeen wëssenschaftlech ze analyséieren. 

Firwat ass et dann sou schwéier den TOT (et läit mer op der Zong- ) Phenomeen ze analyséieren?  

D’Schwieregkeet läit doranner dee richtegen Moment vun sou natierlechen TOT-Phenomeener ze erwëschen: D‘Wëssenschaftler wëssen, datt se virkommen, mee net genee wéini an duerch wat se ausgeléist ginn.  

Fir den TOT-Phenomeen am Labo analyséieren ze kënnen, provozéiere si e kënschtlechen TOT: D’Wëssenschaftler gi de Studienparticipanten zum Beispill Definitiounen aus dem Dictionnaire vun net heefeg benotzte Wierder. D’Participante ginn da gefrot ob si dei Definitioun schonn eng Kéier héieren hunn. Wa jo ginn sinn opgefuerdert d’Wuert ze nennen. 

Zum Beispill: „En Recheninstrument, bei deem Kugelen op Stäbecher Zuele representéieren ass een … ?“

Eeeh - ech hunn et op der Zong... - bon egal - A wat hunn d’Fuerscher dobäi eraus fonnt?

Studie weisen, datt et der Majoritéit vun de Leit, ob Jonk oder Al, reegelméisseg fir kënnt, datt si Wierder op der Zong léien hunn. Allerdéngs, schéngen eeler Leit méi dovunner betraff ze sinn, besonnesch wann se midd oder gestresst sinn. Och schéngen dees TOT Momenter méi heefeg vir ze komme wann Leit sech an enger Grupp befannen, wéi wann sinn eleng sinn. 

Ob eng Persoun eng oder zwou Sprooche schwätzt schéngt och eng Roll ze spillen. Bilingual Leit erliewe méi TOT Momenter wie Leit déi just eng Sprooch schwätzen. Do wier et interessant ze wëssen, wéi et dann zu Lëtzebuerg ass, wou d’Moyenne vun de Sproochen iwwer dräi pro Kapp läit. Mat sou änlechen a weidere Froe beschäftegt sech d’Wëssenschaft  fir eist Gediechtnes besser ze verstoen. An genee dowéinst bleift d’Fuerschung spannend.

Merci Mr Science! An iwwregens: dat Recheninstrument mat de Kugelen op de Stäbecher –heescht .... Abakus?

Genee ;-)

Auteur: Laure Pauly
Éditeur: Michèle Weber (FNR)

Infobox

Quellen
  • Brown R, McNeill D (1966) The “tip of the tongue” phenomenon. Journal of Verbal Learning and Verbal Behavior 5, 325–337.
  • Yarmey AD (1973) I recognize your face but I can’t remember your name: Further evidence on the tip-of-the-tongue phenomenon. Memory & Cognition 1, 287–290.
  • Burke DM, MacKay DG, Worthley JS, Wade E (1991) On the tip of the tongue: What causes word finding failures in young and older adults? Journal of Memory and Language 30, 542–579.
  • Heine MK, Ober BA, Shenaut GK (1999) Naturally occurring and experimentally induced tip-of-the-tongue experiences in three adult age groups. Psychol Aging 14, 445–457.
  • Cohen G, Faulkner D (1986) Memory for proper names: Age differences in retrieval. British Journal of Developmental Psychology 4, 187–197.
  • Rousseau L, Kashur N (2021) Socially Shared Feelings of Imminent Recall: More Tip-of-the-Tongue States Are Experienced in Small Groups. Frontiers in Psychology 12, 2871.
  • Gollan TH, Silverberg NB (2001) Tip-of-the-tongue states in Hebrew–English bilinguals. Bilingualism: Language and Cognition 4, 63–83.

 

 

Mr Science op RTL RADIO

Dëse Reportage gouf an Zesummenaarbecht mat RTL Radio ausgeschafft an op der Antenne vun RTL Radio diffuséiert. All zweet Woch présentéiert de Mr Science op RTL Radio wat fir eng Fuerschung hannert Objeten aus dem Alldag stécht. All d’Emissioune fënns du hei: http://radio.rtl.lu/emissiounen/science/

Auch interessant

Videospiller Maache Ballerspiller aggressiv?

Politiker behaapten et, an de Medie liest een et och ëmmer nees: Videospiller mat Gewalt maachen aggressiv. Stëmmt dat w...

FNR
Oh Jëssess /Buuuhhh! Firwat si munch Mënsche méi fäertereg wéi anerer?

Wann op Halloween op eemol eng grujeleg Gestallt ëm den Eck geschlach kënnt, da kann ee sech emol e bëssen erféieren. Mu...

FNR
Wissenschaftlicher Kenntnisstand Welche gesundheitlichen und sozialen Folgen hat der Freizeitkonsum von Cannabis?

Zusammenfassung der wissenschaftlichen Erkenntnisse über die Folgen von psychoaktivem Cannabis auf das körperliche, psyc...

FNR