Material 

  • 1 Schossel mat Waasser
  • Duerchsichtege Neellack
  • Schwarzen oder donklen Pabeier 
  • Kichepabeier

Duerchféierung

Zapp däi Stéck Pabeier an d'Waasser. Looss eng Drëps Neellack op d'Waasser iwwert dem Pabeier falen. Wann ee gutt kuckt, gesäit een dass den Neellack op der Uewerfläch vum Waasser eng Schicht bilt. Fësch de Pabeier mat den Hänn rëm raus a probéier dobäi, d'Schicht mam Pabeier ze geroden a mat rauszefëschen. Lee de Pabeier ob e Blat Kichepabeier fir ze dréchnen. Wann de Pabeier ganz gedréchent ass, kanns du drop schreiwen. 

Erklärung

Déi schéi Faarwen, déi mir hei beim Neellack gesinn, kenne mir och vu Seefeblosen oder vun Uelegspueren op der Strooss wann et gereent huet. Wat dës dräi Saache gemeinsam hunn ass déi hauchdënn Schicht, déi d'Seef den Ueleg oder eben den Neellack bilden. D'Licht dat ob des dënn schicht fält, interagéiert op eng speziell Manéier, soudass eist Ae dës Reeboufaarwe ka gesinn. Wann s du eng méi detailléiert Erklärung wëlls da kuck hei: 

Auch in dieser Rubrik

Aufbrausend Verwandele herkömmliche Popcorn-Maiskörner in bunte Tänzer!

Die Popcorn-Körner werden über Nacht mit Lebensmittelfarbe eingefärbt und dann mithilfe von Wasser, Backpulver und Essig zum Tanzen bewegt!

FNR
KAPPIWWER Physikalescht Experiment: Waasser bleift an ëmgedréiter Fläsch

Mat dësem Experiment kanns du eng voll, oppe Fläsch op d'Kopp stellen ouni datt d'Waasser ganz erausleeft.

FNR
Science-Trick En Hiewel hëlleft hiewen

Mat dësem klenge Science-Trick ka souguer e Kand en Erwuessenen „ophiewen“.

FNR