FNR
Infobox
- Gedréchent Leguminosen (Ierbessen, Bounen, Pois-Chiche, Lënsen...)
- E Glas
- E blechen Deckel
- Waasser
Fëll z.B: Ierbessen an d’Glas, sou datt et bis iwwert de Rand voll ass. Fëll duerno d’Glas ganz mat Waasser, a stell dat ganzt op e blechenen Deckel. No +/-10 Minutte quëllen d‘Ierbëssen lues a lues op, an déi éischt falen iwwert de Glasrand op den Deckel. Verstopp den Opbau hannert e Schaf oder ënner engem säi Bett a waart wéi dësen reagéiert. Dëst ongewéinlecht Geräisch kann d’Leit ganz schéin irritéieren. :-)
Firwat quëllen d’Leguminosen op?
Dëst huet mat engem natierleche Phenomen ze dinn, deen een Osmos nennt. An der Fruucht ass den Zockergehalt méi héisch wéi am Waasser. Duerch d’Schuel vun der Fruucht kann awer nëmme Waasser duerchgoen a keen Zocker. Et geet also elo esou laang Waasser an d’Ierbess bis den Zockergehalt am Waasser an an der Ierbess d’selwecht sinn. Wann een d’Friichten ze laang am Waasser leie léisst, platzen dës op.
D’Leguminosen déi der fir dëst Experiment benotzt kënnt der natierlech duerno nach iessen.
Auteur: Joseph Rodesch (FNR)
Video: Melanie Reuter, Joseph Rodesch (FNR)